Cayennepeffer
Cayennepeffer si gemuele Chilischeeken.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b3/Large_Cayenne.jpg/450px-Large_Cayenne.jpg)
D'Grondlag si meeschtens déi gedréchent Friichte vun der Chilizort Cayenne. Charakteristesch ass dee liicht gereecherten a battere Geschmaach. Dobäi kënnt nach d'Schäerft, déi beim Cayennepeffer tëscht 30.000 an 50.000 Scoville-Unitéite ass. Dat, wat de Chili schaarf mécht ass d'Capsaicin mat engem Gehalt vun 0.6 - 0,9 Prozent. Am Chili ass vill Vitaminn C.
D'Originne vum Gewierz sinn a Latäinamerika. Spuenier a Protugisen hunn de "Spuenesche Peffer" an Europa an Asie bruecht.