Cheemesch Formel

Vu Wikipedia
Verschidde Formelduerstellunge vum Benzol-Moleküll.

Eng cheemesch Formel beschreift d'Zesummesetzung vu cheemesche Verbindungen a kann Informatiounen iwwer den Opbau enthalen. Eng cheemesch Formel enthält ëmmer Date vun de cheemeschen Elementer déi an der Verbindung sinn an iwwer d'Zueleverhältnes vun den Deelercher an der Verbindung.

Vun de Formele sinn d'Elementsymboler z'ënnerscheeden: H fir Waasserstoff, Mg fir Magnesium, N fir Stéckstoff. Wa sech zwee oder méi Atomer vum selwechten Element zu engem Moleküll verbannen, da gëtt dat mat enger (Moleküll-) Formel gekennzeechent: H2 fir Waasserstoff, N2 fir Stéckstoff, O3 fir Ozon.

Et gi verschidde cheemesch Formelen ënnerscheet:

  • Verhältnesformel: Si setzt sech aus Elementsymbolen a klengen, déifgestallten Zuelen (Indizes) zesummen a gëtt nëmmen d'Verhältnes zeréck, an deem déi eenzel cheemesch Elementer an enger cheemescher Verbindung enthale sinn. Dobäi gi ganzzueleg Verhältneszuele benotzt.
Beispill: D'Verhältnesformel fir Benzol ass C1H1, d'Verhältnesformel vun Aluminiumsulfat ass Al2O12S3.
  • Zommeformel: D'Zommeformel gëtt jeeweils d'Zuel vun den Atomer vun de cheemeschen Elementer un, déi an enger Verbindung enthale sinn. Bei Molekülle gëtt domat och déi tatsächlech Heefegkeet vun den Atomer vu verschiddenen Elementer am Moleküll uginn. D'Zommeformele vu Salzer entspriechen an der Reegel hire Verhältnesformelen, ginn awer meeschtens a Form vun Formeleenheeten uginn, déi der Stöchiometrie vun der Verbindung entspriechen.
Beispill: D'Zommeformel fir Benzol ass C6H6, d'Zommeformel (Formeleenheet) vun Aluminiumsulfat ass Al2(SO4)3.
  • Strukturformel: D'Strukturformel gëtt, nieft der Zuel vun de verschiddenen Atomen an engem Moleküll, och deenen hir Andeelung zoueneen zeréck, dat heescht, si informéiert och iwwer d'Aart vun den Atomer an d'Aart vun hire (Bindungen), eventuell och iwwer Bindungswénkel a Bindungslängten. D'Buschtawe sti fir eenzel Atomer. E Stréch entsprécht engem Elektronepuer, dat an enger Elektronewollek/Orbital virläit an entweeder d'Bindung tëscht Atomen ausmécht oder e sougenannte fräit Elektronepuer ass. Zwee parallel Strécher bedeiten entspriechend eng duebel Bindung.
  • Kristallcheemesch Strukturformel: Si ass eng speziell Formelschreifweis, déi an der Mineralogie fir méi komplex cheemesch Verbindunge benotzt gëtt. D'kristallcheemesch Strukturformel baséiert op der Zommeformel, sortéiert d'Bestanddeeler awer no Kationen an Anionen souwéi der struktureller Positioun vun den Anionen.
Beispill: D'Zommeformel fir Fluorapatit ass Ca5(PO4)3F, d'kristallcheemesch Strukturformel dogéint Ca5[F|(PO4)3], well d'Anion Fluor net mam Phosphatkomplex verbonnen ass, mä nëmme mat dem Kation Calcium. Fluor ass entspriechend vum reschtlechen Anioneverband ofgetrennt a méi no un de Kation geréckelt.

D'Benotze vun den eenzele Formeltypebezeechnungen ass net ëmmer eenheetlech gereegelt a vill Bezeechnunge gi synonym gebraucht. Strukturformele ginn haaptsächlech fir d'Beschreiwung vu Molekülle benotzt. Allerdéngs gëtt eng Strukturformel och fir d'Beschreiwung vun Ionen a Kristaller benotzt, well d'Ionen an den Ionekristaller och "strukturéiert" sinn. Eng fir salzaarteg Substanze gebraucht Formel sollt als Formeleenheet bezeechent ginn, net als Strukturformel oder Zommeformel. Déi tatsächlech Struktur vun enger salzaarteger Verbindung gëtt eréischt duerch hir Kristallstruktur gekläert.

Weider Duerstellungsméiglechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]