Chrëscht Beneké
Chrëscht Beneké | |
---|---|
Gebuer |
20. Abrëll 1976 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist |
De Chrëscht Beneké, gebuer den 20. Abrëll 1976 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Motorradpilot, Auteur a Journalist[1].
Hien ass den éischte Lëtzebuerger, deen e Paris-Dakar mam Motorrad zu Enn gefuer ass. 1999 war hie säin éischte WM-Laf (Tunesienrallye) gefuer. Vun Enn 2003 bis Enn 2007 ass hie professionell gefuer a war an der Sektioun Sport d'élite vun der Arméi an am COSL Elite-Kader.
Als Journalist huet hien 2017 den 2. Präis vum Amnesty Mediepräis gewonnen.
Resultater[änneren | Quelltext änneren]
- 2000: 80. um Paris-Dakar, Gewënner vun enger Marathonsetapp.
- 2004: 3. an der FIM-Rallye-Weltmeeschterschaft bis 450cc.
Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. -49'
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 50er'
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 60er'
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 70er'
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 80er'
- 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 90er'
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Invité vun der Redaktioun - Chrëscht Beneké: Referendum a Gewalt a Katalounien de 4. Oktober 2017 op rtl.lu, fir d'lescht gekuckt den 20. November 2018