Op den Inhalt sprangen

Claire Schmartz

Vu Wikipedia
Claire Schmartz
Pseudonym C.S.
Gebuer 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Humboldt-Universitéit Berlin,
Freie Universität Berlin
Aktivitéit Iwwersetzer, Journalist, Schrëftsteller

D'Claire Schmartz, gebuer 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Iwwersetzerin, Journalistin a Schrëftstellerin.[1]

2020 krut si eng Bourse vum Georges-Arthur-Goldschmidt-Programm für junge Literaturübersetzer:innen. Si lieft a schafft zu Berlin als literaresch Iwwersetzerin a fräi Journalistin.

Texter vun hir koumen ë. a. am Lëtzebuerger Land an an de Cahiers luxembourgeois eraus. 2022 huet si hiren éischte Roman, bug. 010000100101010101000111, publizéiert.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

2017 krut si fir hir Erzielung Übertragungsneurosen den 1. Präis an der Katagorie "Jeunes auteurs" beim Nationale Literaturconcours.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche Claire Schmartz op hydreditions.eu (gekuckt 2022-11-08).
  2. Résultats du Concours littéraire national 2017. Communiqué op gouvernement.lu, 10.11.2017.