Crozier (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Crozier
De Krater Crozier (LROC-WAC)
Koordinaten 13°33'36"S, 50°43'12"O
Duerchmiesser 22,51 km
Déift 1.300 m
Selenographesch Längt 310° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21

De Crozier ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um südwestleche Rand vum Mare Fecunditatis, nordëstlech vum Krater Colombo an nërdlech vum McClure. De Kraterrand ass onreegelméiss a wéineg erodéiert.

De Kraterbuedem ass vu Lave vum Mare opgefëllt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 12,59° S, 52,36° O7 9 km [1]
D 13,54° S, 51,56° O7 21 km [2]
E 12,69° S, 51,92° O7 6 km [3]
F 12,83° S, 50,96° O7 5 km [4]
G 12,04° S, 49,97° O7 4 km [5]
H 14,04° S, 49,36° O7 11 km [6]
L 10,02° S, 51,47° O7 8 km [7]
M 8,87° S, 51,32° O7 6 km [8]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom brittesche Polarfuerscher Francis Crozier (1796–1848) genannt.

Crozier (uewe riets) an Ëmgéigend (LROC-WAC)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]