Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Albert Philippe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Referenze sollen en direkten Zesummenhank mat der Ausso hunn soss gehéiert de Link op de spaweck"

daat waat an der Referenz steet konfirméiert d'Ausso an ass online accessibel Gerard141 (Diskussioun) 10:01, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Wat konfirméiert d'Referenz da genee? --Les Meloures (Diskussioun) 10:29, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

En ass op Hinzert komm an nees fräigelooss gin,an doud an der Uelzecht fonnt gin. Dass en sech embruecht huet wier enner Drock dokumentéiert gin Gerard141 (Diskussioun) 10:59, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Wat op der éischter Säit steet, wat och dem Developpement hannendrun entsprécht ass dat hei: Wurde höchstwahrscheinlich von Nazis umgebracht. Wahrscheinlechkeeten hu keen enzyklopedesche Wäert.
En plus konfirméiert dat d'Ausso datt e sech ëmbruecht huet jo guer net a steet souguer am Widdersproch derzou. Wann ee widderspréchlech Referenzen zitéiert soll een op d'mannst en Erklärungssaz derzou ofginn an et sollt ee vläicht och dem Cerf säi Buch gelies hunn fir ze wësse wat méi wahrscheinlech ass. Eng Enzyklopedie besteet net doraus datt een einfach Linke bäiklake kënnt, et muss een och wësse wou a wéi dat korrekt gemaach gëtt. Et geet och net duer datt een einfach e Saz knäipt an dann nech just Linke vu Genealogies- an anere Säite bäifléckt wéi am Arikel Charles Bech z. B., mä et sollt schonn e bësselche méi hanner der Dier sinn, wann een een Artikel uleet (a besonnesch een deen als speziellen Artikel op der Haaptsäit enges Daags soll opdauchen) ausser et ass wierklech net méi bekannt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:38, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
misst een et dann net onsichtbaar maachen bis et mam Cerf sengem Buch verglach ginn ass?Gerard141 (Diskussioun) 12:02, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Et deet mer leed mä ech verdroen dat I-Butzegespréich net méi. Wann eppes hätt misse gemaach ginn da wier et sou gemaach ginn.
Just fir de Fall wou s de dat net solls gemierkt hunn: Hei schaffen e puer al routinéiert Wikipediasleit, déi wësse wat muss gemaach ginn a wat net. --Les Meloures (Diskussioun) 12:11, 16. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]