Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Bësch zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat een alles esou fënnt ...[Quelltext änneren]

"Et fënnt e steif leemeg ..." - "fënnt een entweder op" - "Plazeweis fënnt een och ..." - "Am Ënnergehëlz fënnt een all ..." - An den thermopyle Bëscher fënnt een nach vill méi: " .. fënnt een déi sougenannten thermophyl Bëscher mat Eechen-Hobichebëscher, an deenen een d'Wanter- an d'Summereech fënnt. Plazeweis fënnt een och Bichebëscher". --Cornischong 10:36, 28. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Wat een net alles op der Wiki ka maachen[Quelltext änneren]

z.B. op de Knäppchen Änneren drécken an et da et besser formuléieren. Mee dat schéngt méi schwéier ze sinn wéi Bemierkungen ze maachen. Merci fir déi positiv Mataarbecht. --Les Meloures 10:48, 28. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Et ass doriwwer eraus ganz desagreabel wann een amgaangen ass un engem Artikel ze schaffen a weider auzebauen, fir da just esou Bemierkunge mussen ze liesen.
Datt un dësem Artikel nach en etleches feelt an och d'Formuléierungen net honnertprozenteg sinn ass gerwosst, dofir brauche mer kee Schoulmeeschter.

--Les Meloures 10:55, 28. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Du schéngs nach net gemierkt ze hunn datts du och alt emol Saache falsch schreifs, an datt déi vun anere Mataarbechter, ouni grousse Kommentaren op den Talksäite, verbessert ginn.
Dat do si Bemierkungen déi engem Mataarbechter dee sech e puer Stonnen Zäit geholl huet fir an dësem Artikel beim Ausbaue matzehëlleffen alt erëm d'Flemm anzedreiwen.

--::Les Meloures 11:03, 28. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]


Deen Artikel jäizt no Biller[Quelltext änneren]

Wien huet Biller, fir déi typesch Bëscher ze illustréieren? A wa keen der huet: Hierschtfaarwe maachen sech gutt! ;-) --Zinneke 09:54, 20. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Am Text: Bis 2010 solle ronn 5% vun de Gemengen- a Staatsbëscher zu Lëtzebuerg als Naturbësch klasséiert sinn.

Huet vläicht een eng Anung op dat an der Tëschenzäit realiséiert ass? --Les Meloures (Diskussioun) 09:26, 20. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

D’Buch war dee Bam, deen ee virun 3-400 Joer am heefegsten am Éislek gesinn huet. Mat der Schuel vun der Eech, dem Lou, kann ee Lieder gierwen. Dofir goufe vill vun de Buchen duerch Eechen ersat. Vun 30.000 Hektar Buchebësch sinn der 26 000 Louhecke ginn.

Enn de 50er Joren ass déi lescht Loumillen zu Wolz zougemaach ginn, d’Gierwerei hat wärend dem zweete Weltkrich nach emol en Opschwong kritt. D’Louhecken haten nom Krich kaum nach e wäert. D’50er a 60er Jore waren déi vun de Fiichtebëscher. En Holz wat méi séier wiisst. Ma haut si vill vun de Fiichte mam Borkenkäfer befall. Et wëll ee keng Kalflächen, dofir well een d’Fiichten elo net komplett eraushuelen. Vill méi géif ee kucken, datt elo aner Bamaarte lues a lues an déi Bëscher erfannen. D’Naturverwaltung kann aktiv jonk Beem op esou Plaze planzen. Ma d’Natur reguléiert sech och selwer.

Sou eppes ass dach net liesbar Wann dat de Bäitrag vun RTL zur lëtzebuergescher Sprooch soll sinn, da gesinn ech schwaarz. --Les Meloures (Diskussioun) 21:21, 26. Mee 2021 (UTC)[äntweren]