Diskussioun:Bernd Marcel Gonner

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"de Bernd Marcel Gonner de Gedichtsband Naupliamond. Kinder-/Nonsensgedichte erausbruecht." Wat wollt den Auteur eis mat deem sibyllinesche Nonsensesaz soen?

Moien, den Auteur wollt domat soen, dass den Titel vun deem Buch "Naupliamond" ass, an den Ënnertitel "Kinder-/Nonsensgedichte." Sou steet et emol um CNL-Site. Ech duecht alt, d'Kursiv-Setze géif dat kloer maachen... --Zinneke (Diskussioun) 13:49, 2. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg Mer schreiwen e bësse laanscheneen: Feelt "do" net en Hëllefsverb? Mir kënnt de Saz net ganz vir.

Moien, do huet effektiv en Hëllefsverb gefeelt. Wann een dat mierkt da kann een dat einfach drasetzen ouni grousse Cornischongstralala opzeféieren. --109.129.90.136 15:06, 2. Jul. 2019 (UTC)[äntweren]

"da kann een dat einfach drasetzen ouni grousse Cornischongstralala opzeféieren" Wat wëll den Auteur eis dann elo matdeelen?

Dat hei ass domet gemengt.

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!