Diskussioun:Beruffspompjeeën

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ofschnëtt Ambulanzen onkloer[Quelltext änneren]

Den Ofschnëtt Ambulanzen (ass den Auteur selwer Berufspompjee?) ass onkloer, well net jiddfer Wikipedia-Lieser wees wat "médicaliséiert" heescht. An och d'Roll vun der unité infectieuse ass net onbedéngt jiddferengem kloer. Wa médicaliséiert dann nach richteg geschriwwe wier (ech verbesseren ët net) da wier alles perfekt.

Moien,
Du hues komplett Recht datt et nët kloer ass wat mat médicaliséiert gemengt ass an daat schlëmmst ass datt et am Artikel iwwer Ambulanzen och net erklärt gëtt. Allerdengs huet et kee Wäert op den Auteur vum Artikel ze waarden, deen huet scho länger Zàit hei näischt méi geschriwwen. Dat bescht wier also, den Artikel selwer sou ze korrigéieren wéi ee mengt dat et néideg ass.
Mier hun hei leider ganz vill Artikelen déi net komplett sinn an zum Deel nëmmen aus Iwwerschrëfte bestinn wou nach den Inhalt feelt. Et huet och net vill Wäert do eng Diskussioun unzefänken an ze lamentéieren. Dat eenzegt wat hëlleft ass selwer mathëllefen déi Lächer ze fëllen. Ech hoffen du léiss dech doduerch net démotivéieren. --MMFE (Diskussioun) 08:11, 19. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien och,
Där Wierder wéi medicaliséiert gëtt nach vill, an och an aneren Enzyklopedien. D'Enzyklopedien alleguer ginn och dorvunner aus datt Leit déi se konsultéieren e Minimum vum Vokubalar hunn, soss versti se guer näischt. Wierder déi nëmmen a bestëmmte Beräicher gebraucht ginn, fënnt een a Spezaildictionnairen erëm. Hei hat een einfach ofgeschriwwe wat op der Websäit vun de Pompjjeeë steet. Op der lb:Wiki si leider nach net all Fächer vu Spezialisten ofgedeckt. D'Payë sinn dofir nach net déck genuch.--Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 19. Jul. 2012 (UTC)[äntweren]