Diskussioun:Charles Collart

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut!

't ass mir, wéi wann do eppes net ganz richteg wier: d'Anne-Marie LAVAL war dach mam Jean Nicolas COLLART bestuet, oder? Wann een awer d'Bridder Charles a Jules Collart kuckt, dann hunn déi net déiselwescht Elteren! Komesch. Bescht Gréiss un d'Administrateuren, déi dat dote verbessere ginn! D.R.


Moien och,
d'Anne-Marie LAVAL war nie mam Jean-Nicolas COLLART bestuet.
Et brauch also deemno weder en Administrateur oder nach soss een eppes ze vebesseren. --Les Meloures (Diskussioun) 16:09, 17. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Beim Jean-Nicolas Collart steet nun emol, hie wier mat der Anne-Marie Laval bestuet gewiescht. Also, verbesseren! D.R.


Moien,
Natierlech awer nëmme just wann een Anne-Marie net vu Marie-Anne ënnerscheede kann. Dofir léiwen D.R. haalt vläicht är Kommandoe vum verbessere goe fir Iech.
Dovunner ofgesinn ass et net den Adminnen hir Missioun all Feeler verbesseren ze goen. Dat gouf schonn e puermol hei kloergestallt. Dir wësst jo wéi een eng Säit kann ännere goen, da kënnt Dir ganz gären nom Wikiprinzip déi Ännerungen och selwer maachen. Dat spuert vill Gepoters op den Diskussiounssäiten.
--Les Meloures (Diskussioun) 14:16, 18. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Salut! Beim Charles Collart (gebuer 1829) steet seng Mamm wier d'Anne-Marie Laval! Souvill fir den onfeelbare Meloures. Ennvum Trauerspill. D.R.

Jo wat ass da falsch dorunner.  ??? --Les Meloures (Diskussioun) 19:10, 18. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]