Diskussioun:Ernest Schneider

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, Wat huet de gudde Mann a sengem Liewe gemaa? Hobby-Archeolog ass fir mech net genuch fir an eng Enzyklopedie. -- 213.31.217.82 11:24, 5. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, Du dees gutt, Froen zu Relevanz ze stellen, dat ass ëmmer berechtegt, zemools wa mer hei am klenge Kader vu Lëtzebuerg probéieren, méiglechst villsäiteg a wäitgespreet Aspekter ofzedecken. Dat setzt alt viraus, e bësselche méi "large" ze sinn, wéi s'et z.B. an der däitscher Wiki sinn. An dësem Fall hei kann een effektiv diskutéieren, ob "Hobby-Archeolog" u sech Critère genuch ass, fir opgeholl ze ginn. Dee Mann ass a mengen Aen virun allem "bekannt" fir säi Buch, an deem en akribesch all méiglech prähistoresch Fielsritzen an -zeechnungen opzielt a beschreift. Domat deet et sech dann awer warscheinlech och. Dofir mengen ech, datt eng knapp biographesch Fiche hei schonns berechtegt ass (a méi wéi do steet och net néideg), falls z.B. een dat Buch hätt a wéilt séier erausfannen, ween de Auteur war.
--Zinneke (Diskussioun) 13:40, 5. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien,
Duerch d'Publikatioun Material zu einer archäologischen Felskunde des Luxemburger Landes misst een dem Ernest Schneider eng gewësse Bedeitung an der Archeologie vu Lëtzebuerg an der Groussregioun zouuerdnen. Hien enerscheed sech doduerch vun engem "Hobby-Archeolog" deen eng Kéier zwou Woche bei engem Archeologiecamp vum SNJ matgemaach huet.--Fliedermaus (Diskussioun) 13:50, 5. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Okay, lo wou säi Buch am Artikel erwähnt ginn ass, ass alles kloer. Virdrun stoung just een eenzege Saatz am Artikel, an do hunn ech mir als Laie munch Froe gestallt. Merci. -- 213.31.217.82 15:05, 5. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien,

D'Fiche iwwer den Ernest Schneider ass nach net komplett. Et gëtt vill interessant Saachen iwwer dem Dr. Schneider säi Liewen ze zielen. Ech sinn am Ament am Gaang säi Wierk an säi Liewen a menger Doktorthese opzeschaffen. En ass effektiv wéineg bekannt, mee säi Buch iwwer d'Fielszeechen ass eng remarkabel Aarbecht och nach haut. Ech hoffen et ass ok, wann d'Säit am Ament méi knapp gehalen ass, ech géing se au fur et à mesure méi élaboréieren, wann se dann dierf op der Lëtzebuergescher Wiki bleiwen.(geschriwwe vum Benotzer:CoRe1984)


Moien,

Nodeems gewosst ass, datt de Ernest Schneider dat Buch geschriwwen huet, misst d'Thema "Relevanz" vum Dësch sinn. All weidere Bäitrag an dësem oder an aneren Artikelen ass wëllkomm.--Fliedermaus (Diskussioun) 09:45, 7. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]