Diskussioun:Karl Theodor André

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kolléisch oder Progymnase?

De Progymnase vun Iechternach gouf et eréischt ab 1841. Den André kann also net do an d'Schoul gaange sinn. Par contre, huet virdrun e "Collège" existéiert; an zu Iechternach kann een haut nach an de "Kolléisch" goen. Also Progymnase sträichen an duerch dat manner spezifescht Wuert "Kolléisch" ersetzen, esou wéi ech dat schonns eemool gemaach hunn. --Jamcelsus 14:14, 31. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat ass emol gemaach. Ech kucken awer nach op ech erausfannen wat fir e Collège dat war.--Fliedermaus 14:28, 31. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat steet am Détail an dem Artikel vum Pierre Kauthen: Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, Impr. St Paul: 45-169. De LCE wier gutt beroden, wann en deen Deel vum Iechternacher Enseignement secondaire am Historique op senger Homepage géif abauen. Mee vläicht fënnt och ee vun eis eng Kéier Zäit dat op der lb.wiki ze maachen. — Iwweregens wou ass d'Quell fir dem André säi schoulesche Séjour zu Iechternach? --Jamcelsus 16:47, 31. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

An där Festschrëft steet ënner annerem eppes vun enger Aweihung vum "Collège royal" den 28. Juni 1825.

"C.T.A. besuchte die Primärschule in Roth (D), das Progymnasium in Echternach, das Friedrich-Wilhelm-Gymnasium in Trier und das Athenäum." steet am Luxemburger Autorenlexikon (S. 25).--Fliedermaus 06:56, 1. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]