Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,
ech hunn hei emol de Lemma Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg agesat.
Vläicht fällt engem e besseren Titel an.:-) --Cayambe 22:09, 16. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, nee, kee besseren Titel, jut eng vague Erënnerung, datt et do schonn eppes hei gëtt (wat sech confirméiert huet). Zum Gléck ass net zevill Rekkurenz. Mee den Artikel "Franséisch Okkupatioun (1684-1697)" kéint gestrafft ginn, an dat, wat duebel do steet, vereinfacht, well et hei méi ausféierlech ass. --Zinneke 22:31, 16. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]
Ok, mier kënnen eis jo zu zwee do drëm këmmeren. D'Zesummenaarbecht ass zwar normal op der Wiki, mee trotzdeem elo emol scho merci. --Cayambe 22:47, 16. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]
ass scho geschitt.--Z.

Lëscht vun den Artikele vun grousser Qualitéit[Quelltext änneren]

Mojen, wann et esou eng Lëscht vun den Artikele vu grousser Qualitéit géif ginn, da géing ech direkt proposéieren, deen do opzehuelen. --Christian Ries 07:19, 17. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Pond an Euro[Quelltext änneren]

Moien och, Flott wier et wann ee kéint eraus fanne wivill en deemoleg franséischt Pond wäert war, sou datt ee sech kënnt eng Idee maache wivill de Kinnek ausginn huet fir Lëtzebuerg. Op der fr. Wiki liesen ech just, datt et am Ancien Régime 2 verschidde Livres gi sinn :-(. Weess vläicht ee wou een d'Aentwert op d'Fro fënnt? --Cayambe 10:23, 17. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, hu grad net vill Zäit, mee mat Sichen ënner "Convert old currencies" fënnt een eng rëtsch linken, déi weiderféieren (net all duerchgekuckt), dorënner deen hei, dee mer pertinent schéngt: http://www.genealogie.org/club/sgce/monai17.htm --Zinneke 09:14, 18. Nov. 2009 (UTC) ... och wann, wéi ech grad mierken, d'"Cantons de l'Est" net déi belsch sinn, wéi ech duecht, mee déi aus dem Québec (Biberen als Wärung: och net schlecht ;-) Mee ech huelen un, datt de Wäert a Bezuch zu engem Randbéischt, engem Päerd, etc. an anere "franséische" Géigenden wéi deemools am Herzogtum Lëtzebuerg net vill anescht gewiescht wäert sinn. Z.[äntweren]