Diskussioun:Portugal

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Komplimenter un d'Briséis an de Cornischong fier dësen Artikel: Do musser mer eis nach jett druginn, fier deen iwwer Lëtzebuerg gerad esou auszebauen!

Commentairen zu méngen Ännerungen: d'Blumm heescht ménges Wëssens "Oeillet" an nët "Oillet" (ech huelen un, en Tippfeler).

De Barroso gët meeschtens ouni den "Durão" ernimmt (hee sot selwer kierzlech op enger Pressekonfernz, dee mëttelssen Numm kinnt een ewech loossen). Um Site vun der Commissioun heescht en och duerchgehend just "José Manuel Barroso". Ënnert deem Numm wäert en dann och warscheinlech an Zukunft ëmmer ërem an de Medien opdauchen. Dofier (a well ech mäin Artikel och esou genannt hun), proposéieren ech, dat hei och esou ze man (e 'Redirect' vu "José Manuel Durão Barroso" wier allerdings nët vu Muttwëll).

"Europäesche Rot/Conseil" eendeiteg eng linguistesch Doublette am Lëtzebuergeschen; ech giff éischter zum franséischen hin tendéieren; e kuerzen Artikel riwwer ass nach fälleg (rout Linken op "Europäesche Conseil" ginn et der schon doruechter).

"Commissioun/Kommissioun": dito: an de Recommandatiounen zur Schreifweis steet, et sollt een sech bei 'laténgesche' Wierder un d'latiniséiert Orthographie halen. Perséinlech hätt ech och éischter d'Tendenz gehat, "Kommissioun" ze schreiwen. Och hei wär vläit e Redirect nëtzlech, fier déi, déi iwwert d'Sichfunktioun en Artikel sichen.

"Com. vun der EU": e wäitverbreete Feler am däitsche Sproochraum: D'Commissioun ass eben nët vun der EU, mee ("nëmmen") vun den "Europäesche Communautéiten" (dh just fier deen "1. Pillier" zoustänneg). Juristesch Méckepéilerei vläit, mee mer mussen deenen aneren hier Feeler jo nët matt iwwerhuele, wann et nët muss sinn ;-)

Komplimenter[Quelltext änneren]

Pardon, Karlthegreat, du gehéiers natierlech och derzou (hat net wäit genuch no ënne gescrollt!)Zinneke 10:52, 10 Nov 2004 (UTC)

Portugisesch Geschicht[Quelltext änneren]

Dee Geschichtsdeel ass jo scho kolossal. Fir awer ze verhënneren, datt d'Leit mussen eng Eiwegkeet erofscrollen, soen ech ierch daat selwecht waat ech dem Maradong fir Australie soot: wann et ze grouss gëtt, da spléck et op. Wëll soen: schreift e Mini-Résumé (kuckt zB de Résumé bei der Franséischer Geschicht am Artikel Frankräich...méi kleng geet et net), a setzt uewenhinner e Saz Kuckt heizou och den Haaptartikel Geschicht vu Portugal. a setzt de ganze Geschichtsdeel dodranner. Genee wéi mer mëttlerweil den Artikel Geschicht vun Australien hun, well et soss einfach nëmmen zevill gi wier fir op eng Säit ;-)

--Briséis 00:48, 14 Nov 2004 (UTC)

Puer sou Sachen...[Quelltext änneren]

1) Zum alleréischten Abschnitt : Deen Artikel hei ass eng Iwwersetzung aus dem Däitschen.

2) Barroso. Ass mer egal wéi der daat Déier nennt.

3) Vierwaat muss et daat franséischt sinn? Ech selwer soe seit éiweg Rot. :) Mat engem Redirect kann ech awer liewen.

4) Da läit de Fehler an dem Däitschen Text, kann een alles verbesseren. Misst een dann awer och de Pendant am Däitschen eventuell verbessere goën.

5) Opsplécken ? Jo an sech kee Problem. Wann ech den ganzen Artikle lo fäerdeg iwwersaat hunn, versichen ech sou eppes op d'Been ze stellen, da kannn de Cornischong oder soss ween em den Orthographies-Däiwel ausdräiwen :)--Karlthegreat 14:37, 14 Nov 2004 (UTC)

De Schluss?[Quelltext änneren]

Un di Divers Schreiwerten; Firwat ass déi Parti hanner "Economie" ewechgelooss ginn??

Zinneke 13:49, 16 Nov 2004 (UTC)

Ech froe mech och grad wou opeemol erëm d'Kategorien, d'Interwikilinks etc hisin ??? Kinders watt macht ihr denn ? :-)

--Briséis 19:13, 17 Nov 2004 (UTC)

D'Ermëttlunge laafen. Ech si grad amgaang rauszefanne waat et ass. Fir weider Informatiounen kuckt der w.e.g. op der Diskussiounssäit vum Cornischong. Do kënnt lo gläich eppes bäi an dono nach eppes oder eng Confirmatioun vum Tëschestand.

Nonndikass[Quelltext änneren]

Den Artikel, ganz, integral an zuguer op Lëtzebuergesch. 10 Stonnen iwwersat, 37 Stonnen nom Schluss gesicht. Da wier et jo mol nees un neien Artikelen. --Cornischong 21:03, 18 Nov 2004 (UTC)

Drécheperioden[Quelltext änneren]

Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi ëmmer méi laang Drécheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut.

Et wier vläicht net schlecht wann enzwousch e Klimadiagramm mat den Nidderschéi an de leschten honnert Joer opzedreiwe wier, fir dës Theorie z'ënnerstëtzen. Perséinlech gleewen ech net drun, grad sou wéineg, wéi datt ëmmer méi Staumauere gebaut ginn. (Vun de ronn 200 Stéck goufen der knapps eng Dosen an de leschten 10 Joer gebaut). --Les Meloures 14:46, 4. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]