Diskussioun:Rob Roemen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Beruffschoul?[Quelltext änneren]

Zitat: koum dunn awer op de Lampertsbierg an d'Beruffsschoul, do wou haut de Lycée technique Michel Lucius steet.

Do ass menger Meenung no e Feeler dran well do wou de Lycée Michel Lucius ass, war virdru keng Beruffsschoul. Ech huelen emol un, dass de Lycée technique du Centre gemengt ass, dee jo net wäit vum Lycée Michel Lucius steet. Eng aner Méiglechkeet wier nach de Lycée des arts et métiers, deen awer op enger ganz anerer Plaz um Lampertsbierg steet. Wees do een eppes méi genaues? --MMFE (Diskussioun) 11:20, 26. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Sou wäit wéi ech mech erënnere kann war do wou de Michel Lucius steet fréier de Seminaire. D'Beruffsschoul stoung op der anerer Säit vun der Strooss. --Les Meloures (Diskussioun) 13:16, 26. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Zur Neutralitéit[Quelltext änneren]

Fir d'Fro – „war soll do net neutral sinn?“ – am Resumé vun der Ännerung vun 13:50, 18. Mee 2024‎ vum 2A02:A03F:A199:6C00:99E4:1D9C:8A7D:A925, wou d'Schabloun:Neutralitéit erausgeholl gouf, anzegoen: Déi follgend Plazen:

  • „wou hie sech als jonke Mënsch ganz vill ëm d'Duerfveräiner gekëmmert huet“
Dat ass relativ vag a subjektiv an domat net vum beschten enzyklopedesche Stil, mee villäicht nach ok.
  • „A senger journalistescher Zäit hat de Rob Roemen et net ëmmer liicht fir sech ze behaapten.“
Dat ass och éischter vag a subjektiv wéi faktesch.
  • „Hien ass sengem liberalen Engagement ni ontrei ginn, huet awer vill Wäert op en onofhängege Journalismus geluecht.“
Dat ass a mengen Ae kloer eng subjektiv Bewäertung a keng faktesch Ausso a widdersprécht der Neutralitéit, well déi Bewäertung do steet, wéi wann et ee Fakt wier, amplaz datt gesot gëtt, weem seng Bewäertung dat wier.
  • „Et goung dem Rob Roemen ëmmer drëm, fir senger Zeitung e gewësse Cachet opzedrécken, andeems et him och gelongen ass, den exklusiven Informatiounen an engem zolitte Kommentar Prioritéit ze ginn.“
Dat ass genausou wéi dat Beispill direkt hei driwwer definitiv keen enzyklopedesche Stil.

Déi lescht zwee Beispiller läschen ech aus dem Artikel. Déi éischt zwee iwwerloossen ech der Bewäertung vun der Communautéit ënnert dem Virzeeche vun der Schabloun:Neutralitéit. --Volvox (Diskussioun) 12:12, 18. Mee 2024 (UTC)[äntweren]