Op den Inhalt sprangen

Edouard Metz

Vu Wikipedia
Edouard Metz
Gebuer 12. Februar 1831
Konz
Gestuerwen 13. Februar 1895
Eech
Aktivitéit Ingenieur


Den Edouard Metz, gebuer den 12. Februar 1831 zu Konz bei Tréier a gestuerwen den 13. Februar 1895 zu Eech, war e lëtzebuergeschen Ingenieur[1].

1852 hat hie säin Ingenieursstudium ofgeschloss a goung op d'Eecher Schmelz schaffen, déi vu sengem Monni, dem Auguste Metz, geleet gouf. 1866 gouf hien do selwer Direkter.[2]

Hie war vun 1882 bis 1884 Vizepresident a vun 1884 bis zu sengem Doud President vun der Chambre de commerce[3].

Hie war och vun 1883 bis 1890 den 1. President vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg[3].

Hie war 30 Joer Member vum Gemengerot vun der Gemeng Eech.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.346, op luxemburgensia.bnl.lu
  2. Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.53.
  3. 3,0 3,1 "Edouard Metz". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 12, S.348, op luxemburgensia.bnl.lu