Eugénie Dutreux-Pescatore

Vu Wikipedia
Eugénie Dutreux-Pescatore
Gebuer 17. Februar 1810
Gestuerwen 19. Oktober 1902
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mäzen, Konschtsammler
Member vun Société de botanique du grand-duché de Luxembourg
Famill
Bestuet mat Joseph-Antoine Pescatore
Papp Bonaventure Dutreux-Boch
Mamm Marie-Françoise-Ferdinande Boch
Geschwëster Auguste Dutreux

D'Térèse-Eugénie Dutreux(-Pescatore), gebuer de 17. Februar 1810 a gestuerwen den 19. Oktober 1902, war eng lëtzebuergesch Konschtmäzenin.

Si war d'Duechter vum Jean-Pierre Bonaventure Dutreux an der Marie-Françoise-Ferdinande Boch.

Duerch hir Mamm war si Coproprietaire vun der Faïencerie op de Siwebueren.

Si war mam Joseph-Antoine Pescatore bestuet.

Si huet hiert Haus, de fréiere Refuge vun der Abtei Orval, hirem Neveu Tony Dutreux vermaach, deen et 1903 der Stad Lëtzebuerg fir 100.000 Frang verkaaft huet, fir doran, mat deenen 200.000 Frang, déi d'Eugénie Dutreux der Stad vermaach hat, e Museksconservatoire anzeriichten. Haut ass an deem Gebai de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg.

Hir Billerkollektioun huet si der Stad Lëtzebuerg vermaach, se sinn haut an der Kollektioun vun der Villa Vauban.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugénie Dutreux-Pescatore – Biller, Videoen oder Audiodateien