Floreana

Vu Wikipedia
Floreana
Geographie
Land Ecuador
Läit an/am Pazifeschen Ozean
Gehéiert zu Galápagosinselen
Koordinaten 1°17'51"S, 90°26'3"W
Fläch 172,53 km²
Längt 18 km
Breet 16 km
Verwaltung
Demographie
Awunner 100
Aner Informatiounen
Genannt no Maria, Santa Maria
Wëllkomm-Schëld op Floreana

Floreana, och Santa Maria genannt, ass eng 173 km² grouss Insel an eng vun de fënnef bewunnten Insele vum Galápagosarchipel. Se gehéiert politesch zu Ecuador.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den offiziellen Numm vun der Insel kënnt vum Juan José Flores, dem éischte President vun Ecuador. De spueneschen Numm Santa Maria staamt vun engem vun de Schëffer vum Christoph Kolumbus, deen d'Insel "entdeckt" huet.

D'Insel huet e vulkaneschen Ursprong, déi vill al Vulkaner goufe vum Wand a vum Waasser ofgedroen, an et gëtt schonn laang keng vulkanesch Aktivitéit méi.

D'Insel déi duerch den Arteräichtum deen et drop gëtt, en tropeschen Aspekt huet, ass vu groussem botaneschen Intressi.

Intressant Plaze sinn:

  • d'Punta Cormorant, wou et méi wéi 50 Vulkankeegele gëtt; hei fënnt ee vill rosa Flamingoen an dat kloert Waasser ass ideal fir ze dauchen an de Mieresbuedem z'exploréieren;
  • d'Post Office Bay, eng historesch Plaz wou um Enn vum 18. Joerhonnert en Holzfaass opgeriicht gouf wou ee seng Post konnt dra geheien. Am Ufank gouf dës Postplaz vun de Walfëscher benotzt an de Gebrauch ass bliwwen, soudatt hautdesdaags och Yachten déi um Passage sinn, an Touristen hire Courrier do ofginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Floreana – Biller, Videoen oder Audiodateien