Forest Green Rovers FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den ale Wope vu Forest Green Rovers FC

Forest Green Rovers FC (Spëtznumm The Green) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Nailsworth am Gloucestershire. An der Saison 2024/25 spillt déi 1. Härenekipp an der National League, der fënnefthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller um New Lawn. Et ass den éischte vegane Foussballveräin[1]

De Veräi gouf 1890 gegrënnt an huet ëmmer an den nidderege Lige gespillt. D'2021/2022 hu si d'Football League Two op der éischter Plaz ofgeschloss. No der Saison 2022/23 si si awer direkt erëm aus der Football League One ofgestigen, als Tabelleleschten. 2023/24 hu si se déi lescht an der Football League Two, a spille vun 2024/25 un, an der Football Conference. 2000 stoung de Veräin am 2. Tour vum FA Cup, wat bis ewell déi bescht Performance ass.

Nohaltegkeet a Veganismus[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2013 kritt een op de Matcher kee Fleesch méi z'iessen; an der Buvette vum Veräin kritt een Tofu-Wirschtecher a vegane Béier.

D'Trikoten an d'Schinnebeenschouner vum Veräin sinn aus Bambus amplaz aus Konschtstoff. Fir de Wues vum New Lawn gi keng Pestizide benotzt, an d'Méimaschinn leeft mat Solarenergie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Websäit vu Forest Green Rovers FC

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. forest-green-rovers-the-completely-vegan-football-club