Fritz Wagner

Vu Wikipedia
Bild gemoolt vum Fritz Wagner. Ueleg op Canevas 24,1 × 18,4 cm

De Fritz Wagner, gebuer 1896 zu München a gestuerwen 1939, war en däitsche Moler.

Am Ufank huet hie sech un de franséische Moler Meissonier a Lesrel orientéiert a sech mat militäreschen Theeme befaasst.

Enn 19. an Ufank 20. Joerhonnert hu vill Moler Biller an duussen Téin mat Kannerzeene gemoolt. No an no hunn, haaptsächlech däitsch an éisträichesch Moler, dorënner de Fritz Wagner, Biller vun der eelerer Generatioun op déi Manéier gemoolt.

Wärend déi franséisch Moler, wéi z. B. de Lesrel, dozou iwwergaange sinn, fir Zeene vun der Grandeur bei aristokratesche Receptiounen duerzestellen, huet de Wagner sech op méi nostalgesch Kompositioune konzentréiert, mat charakteristesche Portraiten, wéi Kaartespiller oder Geschichtenerzieler, bei deenen de Béier an d'Päif net hunn däerfe feelen. Seng Biller weise bal all e relaxt Ëmfeld a ginn eng gutt Informatioun wéi d'Leit deemools gelieft a gewunnt hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)