Gemeng Hollerech

Vu Wikipedia
Hollerech
An anere Sproochen fr: Hollerich
de: Hollerich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Adolphe Fischer
Fläch 2 079 ha
Koordinaten 49° 35’ 58’’ N
      06° 06’ 57.3’’ O

D'Gemeng Hollerech war eng Gemeng um Gebitt vun der haiteger Gemeng Lëtzebuerg.

Hollerech war eng Zäit eng eegestänneg Gemeng, am Dall vun der Péitruss. 1905 war et déi zweetgréisst Gemeng am Land.[1]

Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad: La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie. Dat feierlech Iwwerreeche vum Stad-Titel war den 28. Juni 1914 am Gemengesall bei der Hollerecher Kierch ënner dem deemolege Buergermeeschter Pierre-Arthur Daubenfeld.

Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) huet d'Gemeng Hollerech, zesumme mat de Gemengen Hamm a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hollerech.

Buergermeeschteren [2][änneren | Quelltext änneren]

Nicolas Gallé
Michel Flammang

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Marie Reding: "Ville du quart d'heute, anno 1905." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.1, 07.01.2022, S.14
  2. Cf. Norbert Etringer, 1989: Liebes Altes Hollerich, Éditions Émile Borschette, S. 150.
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844