Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Goût als Geschmaachssënn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Goût (Homonymie).
De Goût, och nach Geschmaachssënn genannt, ass e cheemesche Sënn, deen der Kontroll vun de Liewensmëttel déngt, déi een opgeholl huet. Batteren a saure Goût kann en Hiweis op gëfteg oder verduerwe Liewensmëttel sinn. D'Geschmaachsqualitéite séiss, umami a salzeg kennzeechnen nierstoffräich Liewensmëttel. Aus deem Grond sinn d'Geschmaachsorganer ëmmer a Kierperdeeler ze fannen, déi beim Iessen agesat ginn.
De Sënnesandrock, dee gewéinlech als Geschmaach bezeechent gëtt, ass en Zesummespill vu Geschmaachssënn, Gerochssënn an Taaschtsënn kombinéiert mat Temperaturinformatiounen aus dem Mond.