Lëtzebuerger Kolonialgeschicht

Vu Wikipedia

Belsche Kongo[änneren | Quelltext änneren]

Exploratiounsreese vum Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja

Zanter datt de Kongo vum belsche Kinnek Leopold II. als Privatbesëtz exploitéiert gouf, waren och Lëtzebuerger dobäi.

1931 hunn 252 Lëtzebuerger am Kongo gelieft. D'Zuel goung an den 1930er Joren erof, louch awer 1950 bei 410 an 1958 bei 575. Wéi de Kongo 1960 onofhängeg gouf, hunn eng 600 Lëtzebuerger am Kongo gelieft.

Vill vun hinne waren an zwéin Cerclen organiséiert, dem Cercle colonial luxembourgeois (zanter 1925) an an der Alliance coloniale luxembourgeoise (zanter 1951). Den 21. Februar 1954 hunn déi zwou Associatiounen zur Vereenegung Luxembourg Outre-mer (LUXOM) fusionéiert[1]. Déi kruten an den 1950er Jore Subside vum Lëtzebuerger Staat; de Prënz Felix, de Joseph Bech a méi spéit de Pierre Werner ware Membre protecteur. De Staatsminister Pierre Dupong war am Januar 1953 op Staatsvisitt am Kongo.

No der Onofhängegkeet am Joer 1963 waren et der just nach 155, déi decidéiert haten, dozebleiwen, vill dovu Missionnairen an Nonnen, wéi d'Soeurs hospitalières de Sainte-Élisabeth an d'Schwëstere vun der Doctrine chrétienne.[2] De groussen Deel ass awer fortgaangen, déi allermeescht goungen zeréck op Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu de Belsch haten déi, déi an der Administratioun geschafft hunn, keng Garantie drop, an de Staatsdéngscht doheem opgeholl ze ginn. Déi, déi bal alles hu missen zeréckloossen, hu vun der Fondation Grande-Duchesse Charlotte gehollef kritt. Och huet d'Belsch de Lëtzebuerger manner héich Pensiounsuspréch ugerechent wéi hire Landsleit.

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Franséisch-Indochina[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Association Coloniale Luxembourg Outre Mer, „LUXOM". Luxemburger Wort (23.3.1954). Gekuckt de(n) 3. 1. 2023.
  2. Alex Langini, 2010. Das Heisdorfer Schloß. Le château de Heisdorf. S. 18.
  3. Léopoldville ass dee fréieren Numm vun der Haaptstad Kinshasa.
  4. Bei de Renovéierungsaarbechten tëscht 1923 an 1931 koumen nach eng 7.000 Doudeger dobäi. Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Chemin_de_fer_Matadi-Kinshasa
  5. Cf. Boulénger 1909 an 1910, Grouvelle 1915, Luja 1919 an Ochs 1928 an der Literatur.
  6. 6,0 6,1 Cf. PDF-Fichier ënner: https://web.archive.org/web/20110627134218/http://www.interfrancophonies.org/regards.pdf.