Liguus virgineus ass eng Schleekenaart aus der Famill vun den Orthalicidae. Et ass eng Aart, déi um Land lieft a mat Longen otemt.
De Schleek Liguus virgineus kënnt op der Karibik-Insel Hispaniola vir (Haiti an d'Dominikanesch Republik). Do ass e rar ginn, well e wéinst sengem faarwegen Haischen iwwerméisseg gesammelt gouf. Zanter den 1990er Jore ginn och an de Florida Keys (Key Largo, Long Key, Key West) Exemplairen attestéiert.