Mutz vum Monomach

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat der Kréinungsinsignie Mutz vum Monomach. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Mutz vum Monomach (Homonymie).
D'Mutz oder Kap vum Monomach
Dëse Virgänger vun der Zarekroun gouf 1627 nom Virbild vun der Mutz vum Monomach fir den Zar Michael I. gemaach

D'Mutz vum Monomach (russ. Шапка Мономаха - Schapka Monomacha) ass eent vun de Symboler vun der russescher Autokratie a gëtt momentan an der Schatzkummer vum Moskauer Kreml ausgestallt. Si war d'Kréinungsinsignie vun alle gekréinte Groussfierschte vu Moskau an Zare vum Dmitri Donskoi bis zum Péiter de Groussen.

D'Mutz vum Monomach ass eng Goldschmëttaarbecht aus dem 14. Joerhonnert, dekoréiert mat Edelsteng an engem Sam aus Zobelpelz. Si war warscheinlech e Kaddo vum Usbek Khan, engem Fierscht vun der Gëllener Hord, u säi Schwoer Iwan Kalita vu Moskau wärend der Tatarenherrschaft a Russland. Dem Boris Uspenski no war dës Tataremutz uganks e Symbol vun der Ënneruerdnung vu Moskau géinteniwwer dem Khan vun der Gëllener Hord. Am Laf vum 15. oder 16. Joerhonnert huet si e Kräiz op d'Spëtz kritt, fir ze symboliséieren datt d'Muecht vum Zar vu Gott kënnt.

Wärend der Herrschaft vum Iwan de Groussen ass zu Moskau den Usproch op d'Nofolleg vum Ostréimesche Keeserräich entstanen (Moskau als dat Drëtt Roum). An där Zäit koum d'Seechen op, d'Mutz wier e Kaddo vum byzantinesche Keeser Konstantin IX. u säin Enkel Wladimir Monomach, Uran vum uewe genannten Iwan III. Den Numm "Mutz vum Monomach" koum als éischt 1518 op.

Wéi den Iwan de Schreckleche sech selwer zum éischten Zar vu Russland gekréint huet, do huet en op Nofro vum polnesche Kinnek wat deen neien Titel heesche géif, erkläert, datt jiddwereen dee sech mat der Mutz vum Monomach kréint sech Zar nennen däerf, well d'Mutz och de Kaddo vun engem Zar war (d. h. vum Keeser Konstantin IX.), fir de Wladimir Monomach zu Kiew ze kréinen. Dat war awer e komplette Bluff, well a Wierklechkeet war de Wladimir Monomach eréischt zwee Joer al wéi de Konstantin IX. gestuerwen ass, an en huet och eréischt méi spéit den Troun vu Kiew g'ierft.

1721 huet de Péiter de Groussen den Titel vun engem Keeser ugeholl an d'Mutz vum Monomach mat der d'Zarekroun ersat.

D'Form vun der Mutz vum Monomach gouf vun de Groussfierschten an Zare duerno ëmmer erëm gebraucht. Déi Krounen déi duerno koume goufen am Laf vun der Zäit ëmmer méi mat Brillanten iwwerheeft an hu sou och deem an Deeler vu Russland verbreeter orientalescher Pruecht entsprach.

Et gëtt e russescht Spréchwuert: "Schwéier ass d'Mutz vum Monomach", dat ëmmer nach am Russeschen am Gebrauch ass. Mat deem Spréchwuert weist een dorop hin, datt een ze vill Verantwortung iwwerholl huet, datt ee sech iwwerschat huet.

Am Wope vu Smolensk iwwerhëlt dës Mutz, wéi och am Wope vum Kinnekräich Sibirien, d'Funktioun vun enger Wopekroun. Och d'Groussfierschtentum Kiew, Wladimir an d'Groussherzogtum Nowgorod weisen am Grousse Wope vum Russesche Räich dës Schëldbedeckung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mutz vum Monomach – Biller, Videoen oder Audiodateien