Nordstad

Vu Wikipedia
D'Nordstad mat hire 6 Kärgemengen

Mam Begrëff Nordstad ass keng Stad, mä de ganze Ballungsraum Ettelbréck-Dikrech gemengt, deen aus de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg besteet.

De Konzept vun enger "Nordstad" als drëtten Entwécklungspol vu Lëtzebuerg (nieft der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch-Uelzecht) geet op den Ekonomist Adrien Ries zeréck, dee schonn 1973 op déi wichteg Roll vun enger dezentraler Wirtschaftsentwécklung higewisen huet.

Zanter 2018 gëtt op eng méiglech Fusioun vun deene Gemengen (ausser Colmer-Bierg) higeschafft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 2. Juni 1973 huet den Adrien Ries op enger akadeemescher Sëtzung vum Dikrecher Geschäftsverband d'Visioun vun enger "Nordstad“ skizzéiert. Dopropshin gouf eng "Denkfabrik Nordstad" an d'Liewe geruff, fir Konzepter dozou auszeschaffen. Et huet awer bis de 24. Abrëll 2006 gedauert, bis op politeschem Plang eng "Nordstad-Konventioun" ënnerschriwwe gouf, an där d'Gemenge Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikerch, Ierpeldeng op der Sauer, Ettelbréck a Schiren sech engagéiert hunn, bei neie Projeten iwwer d'Gemengegrenzen ewech zesummenzeschaffen.[1]

Bal eelef Joer drop, am Mäerz 2017 gouf tëscht deene Gemengen e Syndicat à vocations multiples, fir eng legal Basis fir eng koordinéiert an integréiert Entwécklung ze schafen. Am September 2018 kruten d'Schäfferéit vun Ierpeldeng/Sauer, Ettelbréck a Schiren d'Mandat, d'Méiglechkeete vun enger Fusioun ze sondéieren, Bettenduerf an Dikrech koume kuerz drop derbäi. Just Colmar-Bierg huet fonnt, eng Zesummenaarbecht, wann néideg, géing och ouni Fusioun, an huet mat grousser Majoritéit decidéiert, bei dëse Sondéierungen net matzemaachen.[1]

2020 gouf e Biergerrot op d'Been gesat an e Biergerforum organiséiert, fir d'Bevëlkerung besser anzebannen an z'informéieren. Am Dezember 2021 huet d'Regierung ugekënnegt, 60 Milliounen Euro an d'Finazéierung vun engem neie CGDIS-Gebai fir d'Fusioun 'bäizeleeën'.[1]

Am Virfeld vun de Gemengewalen 2023 ass et roueg ëm en Datum fir eng méiglech Fusioun ginn. Eréischt e Strapp no de Walen, de 25. Mäerz 2024 hunn d'Schäfferéit vun deene fënnef Gemengen eenstëmmeg decidéiert, konsequent mat de Virbereedunge virunzefueren, mam Zil, bis 2027 d'Prozedure fir eng méiglech Fusioun an d'Weeër leeden ze kënnen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Nico Muller: "Eine über 50 Jahre alte Vision soll endlich Realität werden." wort.lu [w+], 27.03.2024.