Roger Pierre

Vu Wikipedia
Roger Pierre
Gebuer 30. August 1923
Paräis
Gestuerwen 23. Januar 2010
Paräis
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur

De Roger Pierre, gebuer den 30. August 1923 zu Paräis a gestuerwen den 23. Januar 2010, war e franséischen Dréibuchauteur, Filmregisseur, Theater- a Filmschauspiller.

De Roger Pierre huet an den 1940er Jore seng Theatercarrière ugefaangen a war bis an d'1990er Joren an de grousse paräisser Theateren aktiv. Hie war och Radiosspeaker a Kabarettist, dacks an Zesummenaarbecht mam Jean-Marc Thibault. 1952 huet hien eng éischt Kéier an engem Film, dem Belle mentalité, matgerspillt. Hien huet heefeg a Comédië matgespillt, mä hat och eescht Rollen, wéi z. B. a Mon oncle d'Amérique vum Regisseur Alain Resnais.

Op der Televisioun hat hien an den 1970er Jore Succès an de Serië Les maudits rois fanéants a Les z'heureux rois z'Henri. Seng lescht wichteg Roll hat en an L'ami de Maigret (2003) mam Bruno Crémer.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

vun 1946 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]