... et souwuel 1956 wéi 1973 de 25. November zu Lëtzebuerg verbuede war, mam Auto ze fueren?
... am Club des Cent Cols netprofessionell Vëlossportler opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Colle gefuer sinn?
... et de Summer 1976 duerch a Frankräich eng Stonn méi spéit war wéi zu Lëtzebuerg?
... de Battistero lateranense zu Roum de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter war?
... déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?