Uertschaftsschëld

Vu Wikipedia

En Uertschaftsschëld ass e Schëld, dat um Ufank oder um Enn vun enger Uertschaft steet an den Numm vun der Uertschaft ugëtt. Uertsschëlter zielen zu den Hiwäisschëlter, well se de Stroossebenotzer eng Hëllef bei der Orientéierung sinn. A ville Länner zielt d'Uertschaftsschëld awer och als Verkéiersschëld mat reglementarescher Bedeitung, well et ënner anerem uweist vu wou aus un déi Vitess déi bannent enger Uertschaft zielt ufänkt oder ophält.

Uertschaftsschëlter sinn international net eenheetlech definéiert, weeder wat d'Faarf nach de Layout ugeet. De wichtegste Bestanddeel vum Uertschaftsschëld ass op jiddwer Fall den Numm vun der Uertschaft. E gëtt an der jeeweileger Sprooch vum Land uginn. A méisproochege Länner kann et och sinn, datt en a méi wéi enger Sprooch ugi gëtt.

Vill Länner halen sech am Kader vun hirer Memberschaft un d'Reegele vun der Wiener Konventioun iwwer Verkéierszeechen déi festhält, datt Uertschaftsschëlter ((en) Signs indicating the beginning and the end of a built-up area) den Numm, de Piktogramm vun der Stad oder béides enthalen. Um Enn vun der Uertschaft gëtt den Numm mat engem oder méi roude Strécher duerchgestrach. D'Schrëft soll donkel op wäissem oder hellen Hannergrond sinn.

Beispiller:[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

En Uertschaftsschëld an der Stad Lëtzebuerg

Uertschaftsschëlter weisen no der Definitioun vum Lëtzebuerger Code de la Route den Agank oder den Ausgank vun enger Uertschaft oder engem Lieu-dit dee mat enger Uertschaft assimiléiert ass un.

De Lëtzebuerger Code de la Route gesäit dofir 4 Schëlter vir:

Originaltext aus dem Code de la Route

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« Localisation – Le signal E,9a (…) indique le début d'une agglomération ou d'un lieudit assimilé à une agglomération. Le signal E,9b (…) indique la fin d'une agglomération ou d'un lieu-dit assimilé à une agglomération. Il peut porter l'inscription de la prochaine agglomération ou lieu-dit.
Le signal E,9aa (…) indique, sur un itinéraire cyclable qui ne longe pas une chaussée, le début d'une agglomération ou d'un lieu-dit assimilé à une agglomération. Le signal E,9ba (…) indique sur un itinéraire cyclable qui ne longe pas une chaussée, la fin d'une agglomération ou d'un lieu-dit assimilé à une agglomération. »

Beispiller:[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaftsschëlter gi vun der Bauverwaltung laanscht de Staatsstroossen opgestallt. Fir d'Gemengeweeër sinn déi respektiv Gemengen zoustänneg.

Si sinn zu Lëtzebuerg giel, mat schwaarzer Schrëft. Zanter den 1970er Jore steet dorop ëmmer méi dacks de lëtzebuergeschen Numm kursiv ënner dem franséischen, resp. däitschen. Op de Vëlospiste sinn d'Uertschaftsnimm gréng op wäissem Hannergrond.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uertschaftsschëlter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.