Op den Inhalt sprangen

Vëlospist PC1

Vu Wikipedia
Vëlospist PC1
Schëld zu Fenteng
Alternativen Numm Itinéraire cyclable du centre
Lëtzebuerger Numm Zentrumspist
vu(n) Gronn
op Gronn
Längt 43 km
déifste Punkt Beggen
héchste Punkt Biergerkräiz
Land Lëtzebuerg
OpenStreetMap Vëlospist PC1


Geplangte Verlaf vun der Vëlospist PC1

D'Vëlospist PC1 (och nach Zentrumspist, Itinéraire cyclable du centre[1]), ass eng vun de 40 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[2].

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell[3][änneren | Quelltext änneren]

D'PC1 ass 43 km laang a féiert vum Gronn aus an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg nees dohinner zeréck. Den déifste Punkt (230 m) ass zu Beggen an den héchsten (375 m) um Biergerkräiz. Mat Ausnam vun e puer Deeler op der Kockelscheier (2,9 km) an am Bambësch (6,1 km) ass se iwwerall macadamiséiert.

Zanter dem 25. Mäerz 2022 leeft d'PC1 tëscht Beggen an dem Raspert zu Dummeldeng op enger Streck vu ronn engem Kilometer net méi iwwert d'Strooss, ma iwwert e sonnere Wee fir Foussgänger a Cyclisten[4][5].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften (am Sënn vun der Auer): Lëtzebuerg-Gronn, Polvermillen, Gantebeensmillen, Izeger Stee, Hesper, Fenteng, Kockelscheier, Zéisseng, Märel, Belair, Stroossen, Reckendall, Bambësch, Biergerkräiz, Juegdschlass, Beggen, Dummeldeng, Eech a Pafendall.

Geplangt[6][änneren | Quelltext änneren]

Déi geplangt Streck vun der PC1 geet um Kierchbierg (Luxexpo) fort a bedéngt d'Pôle-d'échangë Rout Bréck - Pafendall, Gare Centrale, Lycée Bouneweg, Houwald a Cloche d'or. Se kritt Uschloss u follgend Pisten:

An der Géigend vum Lycée Vauban ass eng Niewestreck 1a virgesinn, déi en Uschloss un d'PC33 an der Aktivitéitszon Cloche d'or erméiglecht.

Uschlëss[änneren | Quelltext änneren]

Aner Pisten[änneren | Quelltext änneren]

D'Zentrumspist huet aktuell[3] ënnerwee Uschlëss un aner Pisten (am Sënn vun der Auer):

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist PC1 – Biller, Videoen oder Audiodateien


D'Vëlospist PC1 op:

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. esou genannt am Artikel 4 vum Gesetz vum 28. Abrëll 2015; mat der Ännerung vum 20. Dezember 2019 ass déi Bezeechnung ewech gefall an d'Vëlospist gëtt just nach mat der Nummer ernimmt.
  2. Loi modifiée du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2024
  3. 3,0 3,1 op Basis vum Gesetz vun 2015
  4. Frank Weyrich, Sicher mit dem Rad unterwegs, Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 2022
  5. (fr)PC du centre: le kilomètre supplémentaire qui change tout !. travaux.public.lu (2022-03-25). Gekuckt de(n) 2024-06-02.
  6. am Kader vum Gesetz vun 2019