De Vasil Garvanliev (op kyrillesch: Васил Гарванлиев), och bekannt als Vasil, gebuer den 2. November 1984 zu Strumica, ass en nordmazedonesche Sänger a Lidderschreiwer.[1] Hien huet Nordmazedonie beim Eurovision Song Contest 2021 zu Rotterdam an Holland mam Lidd Here I Stand vertrueden.[2] De Vasil ass an der éischter Halleffinall opgetrueden an huet et net bis an d'Finall gepackt.[3]
- ↑ Vasil - North Macedonia - Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-13.
- ↑ Florian Rahn, Nordmazedoniens Beitrag für den ESC 2021: „Here I Stand“ von Vasil. ESC kompakt (2021-03-11). Gekuckt de(n) 2021-05-13.
- ↑ First Semi-Final of Rotterdam 2021. Eurovision.tv. Gekuckt de(n) 2021-05-19.