Wikipedia:Relevanz

Vu Wikipedia

Fir eng eenheetlech Approche ze hunn, a fir Diskussiounen an Eenzelfäll iwwerflësseg ze maachen, hei eng Lëscht vun de gängege Relevanzkrittären op dëser Wikipedia.

"Relevant" bei Persounen ass keng Wäertung vun hire perséinleche Meritten u sech, mä e Katalog vu eenheetlechen objektive Krittären, déi determinéieren, wat oder wien an dëser Enzyklopedie eng Plaz huet, a wat/wien net.

Persounen aus Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Architekten[Quelltext änneren]

  • en Architekturpräis gewonnen hunn (Bauhärepräis, ...)
  • op d'mannst 3 notabel Gebaier entworf hunn (deemno net just Wunnhaiser)

Auteuren[Quelltext änneren]

  • Bei Saachthemen: op d'mannst 3 Artikelen a Fachpublikatiounen
  • op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d. h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass - net Selbstverlag)
  • Bei Belletristik: op d'mannst 3 eegestänneg Publikatiounen
  • Laureat bei engem Literaturconcours (Nationale Literaturconcours, Servais-Präis, Batty-Weber-Präis)

Ekonomen[Quelltext änneren]

  • Direkteren/Manager vu grousse Lëtzebuerger Firmen (Top 10)

Fuerscher[Quelltext änneren]

  • Member vun enger Fuerschungsgesellschaft oder enger Sektioun vum Institut grand-ducal
  • Dozent op enger Héichschoul/Uni
  • an hirem Wëssensgebitt aktiv (gewiescht) sinn a publizéiert hunn (k.u.)
  • Ausnamefäll vun 'Hobbyfuerscher', déi op hirem Gebitt signifikativ Entdeckungen/Sammlungen/Recherchë gemaach hunn (v.a. 19. Jh.)

Medien[Quelltext änneren]

  • Chefredakter oder Editeur vun enger Zeitung oder engem Medium, dat Pressehëllef kritt, oder eng Oplo vun iwwer 5.000 huet
  • Journalisten a Presentateure vun Televisiounssenderen
  • Radiosspeaker, déi zu de "Pionéier" zielen, oder op engem Radio mat nationaler Frequenz iwwer méi Jore reegelméisseg Sendunge maachen

Moler, Sculpteuren, ...[Quelltext änneren]

  • Laureate vu Konschtpräisser (Prix Grand-Duc Adolphe,...)
  • Op d'mannst 5 Ausstellungen (eegen, oder mat aneren)
  • A Fachpublikationen ernimmt, z. B. a Konschtlexika, -anthologien, etc.
  • Wierker an der Collectioun vum Staatsmusée

Museker, Bands, Komponisten[Quelltext änneren]

  • op d'mannst eng CD/EP déi ënnert deem Numm erauskomm ass
  • Optrëtter op Festivallen oder bei eegestännege Concerten a Concertssäll/-halen.
  • Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
  • Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt

Politiker[Quelltext änneren]

  • Groussherzogen an hir direkt Famill (Fra/Mann an hir Kanner; Ierfgroussherzogen an hir Conjointen)
  • Regierungsmemberen (Ministeren a Staatssekretären)
  • Deputéiert am nationalen oder am Europaparlament
  • Buergermeeschteren
  • Membere vum Staatsrot
  • Parteipresident oder -generalsekretär
  • Generalsekretär/President vun enger Gewerkschaft

Relioun[Quelltext änneren]

  • Bëscheef
  • Groussrabbiner

Schauspiller, Regisseuren[Quelltext änneren]

  • huet eng (vun den) Haaptroll(en) an engem lëtzebuergesche Film gespillt
  • huet op d'mannst a 5 lëtzebuergeschen oder auslännesche Filmer matgespillt
  • Laureat vun engem Lëtzebuerger Filmpräis oder soss engem auslännesche Filmpräis
  • Regisseur vun op d'mannst engem lëtzebuergesche Moyen- oder Long métrage-Film (Fiktioun oder Documentaire)
  • Regisseur vun op d'mannst 3 Kuerzfilmer

Sportler[Quelltext änneren]

  • Laureat beim Lëtzebuerger Sportler vum Joer
  • Kader vum COSL
  • Olympionik
  • bei Equippesportler:
    • Member vun enger Nationalequipe am Foussball, Basketball, Handball, Äishockey, Volleyball, Cricket
    • Member vun enger auslännescher Equipe, déi an enger nationaler Liga matspillt
    • Trainer vun enger Nationalequipe oder enger auslännescher Equipe, déi do an enger nationaler Liga matspillt
  • bei Eenzelsportler:
    • Sportler déi national Rekorder opgestallt hunn
    • Sportler déi Landesmeeschter sinn oder waren
    • Sportler déi bei Welt- oder Europameeschterschaften ënner den 10 éischte klasséiert goufen

Staatlech oder parastaatlech Organisatiounen a Verwaltungen[Quelltext änneren]

  • Direkter/President vun engem Ëffentlechen Etablissement

Persoune vu soss doruechter[Quelltext änneren]

  • An op d'mannst enger "grousser" (en, de, fr, ...) Wikipedia en Artikel hunn
  • An Ausnamefäll: e spezielle Bezuch op Lëtzebuerg, dee fir dës Persoun signifikant ass

Geographie[Quelltext änneren]

  • all Lëtzebuerger Uertschaften, inklusiv Häff a Lieu-diten (a bei grousse Stied: Quartieren)
  • all Lëtzebuerger Waasserleef
  • all Lëtzebuerger Knuppen/"Bierger"
  • Stroossen (souwäit et eppes dozou ze soe gëtt)
  • all Naturschutzgebidder, déi eng gesetzlech Grondlag hunn an op der Lëscht vum Ëmweltministère opgeholl goufen

Bauwierker[Quelltext änneren]

  1. uerdentlech agedroe sinn (d'Statute mussen bei no 1961 gegrënnte Veräiner op www.legilux.lu oder beim Handelsrëgester op www.lbr.lu ze fanne sinn.[1];
  2. eng signifikant Aktivitéit Opweises hunn (iwwer déi a Medie Rieds geet);
  3. Informatiounen iwwer d'Geschicht musse virleien.

Soss Saachartikelen[Quelltext änneren]

  • All Artikel deen an enger anerer Wiki (z. B.: fr; de; en; nl; es) existéiert kann et och hei ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Legilux féiert Veräiner eréischt op, wa si no 1961 entstane sinn, cf. http://www.legilux.public.lu/entr/index.php, dureno sti se um lbr.lu