Wolwener Klaus

Vu Wikipedia
Wolwener Klaus
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 49’ 52’’ N
      05° 46’ 42’’ O

D'Wolwener Klaus ass e Lieu-dit zu Wolwen an der Gemeng Rammerech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wolwener Klaus läit um CR311 am ëstlechen Agank vu Wolwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz vun der Kapell stoung fréier d'Parkierch vu Wolwen, un déi eng Klaus ugebaut war a vun där d'Plaz den Numm huet. D'Kierch an d'Klaus goufe 1783 ofgerappt. 1908/09 gouf op de Fëllementer vun der fréierer Kierch eng Kapell gebaut.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

An der Kapell steet en Altor mat enger Piéta a ronderëm stoungen hëlze Statue vun de 14 Nouthëllefer. Dës Statue sinn haut an der Kierch vu Pärel um Duxallsgelänner festgemaach. An der Kapell sinn haut Porcellainsreliefer vun den Nouthëllefer. Nieft der Kapell stoung nieft anere Beem bis 2014 och eng ural Bich, ëm déi sech eng Legend dréint, déi sougenannt Wolframsbich.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buch op der Wolwener-Klaus.

Hanner der Kapell steet e Weekräiz aus Schifer vun 1831.

Gallerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolwener Klaus – Biller, Videoen oder Audiodateien