3×3-Basketball

Vu Wikipedia
3×3-Basketball
3×3-Frae-Basketballsmatch
Typ Basketball, Olympesch Sportaart
Olympesch Sportaart zënter 2020
Federatioun
International Fédération internationale de basket-ball
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de basketball
Ursprong
Ursprongsland USA
Aner Informatiounen
Spiller (Minimum) 6
Spiller (Maximum) 6
Gebraucht gëtt Basketball (Ball), Basketskuerf, Basketsterrain
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Serbien (2022)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Frankräich (2022)


3×3-Basketball (ausgeschwat: 3 [iks] 3, deels och 3 mol 3)[1] ass eng spannend, urban an innovativ Variant vum Basketball, déi mat dräi Spiller pro Ekipp op engem hallwe Basketballsterrain an op just ee Kuerf gespillt gëtt. En zielt als ee vun de populäersten urbane Mannschaftssportaarte weltwäit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vum 3×3 läit an den urbane Regioune vun den USA an de spéiden 1980er Joren, wou dës Form vu Basketball dacks an den Hannerhäff an an de Parke gespillt ginn ass, ier e sech schlussendlech zu engem grousse kulturelle Phenomeen entwéckelt huet.

Well en ëmmer méi beléift ginn ass, huet de Basketball-Weltverband, d'Fédération internationale de basketball (FIBA) méi spéit eng zousätzlech Basketballdisziplin entwéckelt fir en neit Publikum unzezéien a fir hire Memberverbänn an de Spiller méi Méiglechkeeten ze bidden. Doropshi gouf den 3×3 zu engem konfessionelle Sport mat offizielle Reegelen ausgebaut, déi vun der FIBA unerkannt goufen.

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

D'Reegele fir den 3×3 Basketball goufen esou entworf, fir datt séier, spektakulär a spannend gespillt ka ginn.

Gespillt gëtt op engem hallwe Basketsspillfeld (15 × 11 m.), woubäi zwou Ekippe mat jee dräi Spiller dee selwechte Kuerf attackéieren a verdeedegen, jee nodeem wéi eng Ekipp am Ballbesëtz ass. Déi Ekipp déi e Kuerf schéisst kritt ee Punkt. Et gëtt zwee Punkte wann de Kuerf vu baussent dem Hallefkrees geschoss gëtt (deen am normale Basketball, d'„Dräi-Punkte-Linn“ genannt gëtt).

E Match dauert 10 Minutten. Déi éischt Ekipp déi 21 Punkten huet, wënnt d'Spill. Wann nom Enn vun den 10 Minutte keng Ekipp 21 Punkte geschoss huet, wënnt déi Ekipp mat de meeschte Punkten.

Et gëtt mat engem Basketball vun der Gréisst 6 (der offizieller Gréisst vum Fraebasketball) a Gewiicht 7 (dat offiziellt Gewiicht vum Männerbasketball) gespillt.

3×3-Basketball an d'Olympesch Spiller[änneren | Quelltext änneren]

2007 huet d'FIBA decidéiert, dem Internationalen Olympesche Kommitee (IOC) ze proposéieren, datt den 3x3 an de Programm vun den Olympesche Jugendspiller 2010 zu Singapur sollt opgeholl ginn. Dat war och de Fall an et gouf domat déi éischt offiziell Manifestatioun fir den den 3x3. Den 9. Juni 2017 huet den IOC du matgedeelt, datt den 3x3 offiziell am Programm vun den den Olympesche Summerspiller 2020 zu Tokio derbäi wier.

Olympesch Summerspiller 2024[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis si fir den 3x3 Basketball aacht Männer- an aacht Fraenekippen zougelooss. D'Kompetitioune ginn op der Place de la Concorde ofgehalen, am Häerz vu Paräis.

3×3-Basketball zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg fält den 3×3-Basketball ënner d'Kompetenz vum nationale Basketballsverband.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de basketball.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 3×3-Basketball – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Äntwert vun der FLBB op Nofro iwwer E-Mail (09.01.2024): „Déi meescht Leit hei zu Lëtzebuerg nennen et 3 x 3 (sou wéi de Buchstaw X), well sou gett et och international ob Englesch gesot. Sinn awer och Leit déi et 3 mol 3 nennen.“