Ain (Floss)

Vu Wikipedia
Ain
Den Ain zu Pont-du-Navoy
Längt 190
Debit 123 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Rhône
Fläch vum Baseng 3.630 km²
Originn
Plaz tëscht Conte an Nozeroy
Héicht 680
Koordinaten 46° 44’ 58’’ N
      06° 01’ 23’’ O
Konfluenz
Leeft an Rhône > Mëttelmier
Plaz bei Saint-Maurice-de-Gourdans
Héicht 185
Koordinaten 45° 47’ 43’’ N
      05° 10’ 37’’ O
Geographie
Land Frankräich
Uertschaften Champagnole

Den Ain ass e Floss a Frankräich, deen an de Regioune Bourgogne-Franche-Comté an Auvergne-Rhône-Alpes queesch duerch d'Departementer Jura an Ain leeft, deem en den Numm ginn huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Ain entspréngt an enger Karstquell am franséische Jura, op der Gemengegrenz vu Conte an Nozeroy, op enger Héicht vun ca. 680 m. Jee nodeem kënnen do bis zu 60.000 l/s erauslafen (z. B. no engem staarke Schluet oder wann de Schnéi schmëlzt, et kann awer och sinn, datt guer näischt erauskënnt.

Den Ain leeft a südsüdwestlecher Richtung, an engem déif ageschniddenen Dall vum Jura, an hëlt eng jett Baachen a Flëss sop. Bei Syam gëtt en abrupt a Richtung Nordwest deviéiert a leeft dann, hanner Champagnole an en Héichdall vun enger 20 Kilometer Längt nees a seng ursprénglech Richtung, andeems e Meandere mécht. Südwestlech vu Poncin leeft den Ain aus senger Schlucht eraus, weider duerch en hiwwelegen Terrain a Richtung Rhône. An dee leeft en da vu riets, no enger Gesamtstreck vun 190 km, um Territoire vun der Gemeng Saint-Maurice-de-Gourdans (ca. 40 km viru Lyon).

Op sengem Laf gëtt den Ain 15-mol gestaut, primär fir Energie ze produzéieren, ma och, fir de Laf ze regléieren. D'Talspär vu Vouglans ass eng vun de gréissten dovun.

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

  • la Serpentine
  • Bief de la Fraite
  • Ruisseau de Combe Sandon
  • Bief de Froide Fontaine
  • Bief des cornes
  • Bief des grands chaux
  • Bief cent Tours
  • Bief de la Creuse
  • Bief de Provelle
  • Bief de Rougemont
  • Bief de Paillasson
  • Bief de Coquenelle
  • Bief de sous le Crêt
  • Bief de Fosse
  • Bief du Moulin
  • Bief Martin
  • Bief de l'Œuf
  • le Dudon
  • Ruisseau du Buronnet
  • la Cimante
  • la Lantenne
  • la Grave
  • la Balme
  • le Veyron
  • le Toison
  • l'Angillon
  • le Hérisson
  • le Drouvenant
  • la Bienne
  • l'Oignin
  • l'Albarine
  • la Valouse
  • le Suran.
  • la Saine.
  • le Riez

Uertschafte laanscht de Floss[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ain – Biller, Videoen oder Audiodateien