Aktualitéit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Et gouf virgeschloen, dësen Artikel ze läschen, an e gouf an d'Lëscht vun de Säiten déi geläscht solle ginn agedroen. Och du bass invitéiert, deng Meenung dozou ze schreiwen. Grond: gëtt net an Rei gehalen. |
Mir sinn den 6. Mäerz 2012, 17:01 UTC.
| Dës Säit muss ënnerale ginn, fir e Sënn ze hunn. Si fëllt sech net vum selwen. Fräiwëlleg Mataarbechter si méi wéi wëllkomm.
Kuckt och: 2006, 2007, 2008, asw. fir eng Iwwersiicht, wat Wichteges geschitt war. |
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Juli 2010
- 24. Juli: Op der Loveparade zu Duisburg stierwe bei enger Massepanik 19 Leit.
[änneren] Mee 2009
- 9. Mee: De Jacob Zuma gëtt zum neie President vu Südafrika vereedegt, nodeems en de 6. Mee vum Parlament an dës Fonctioun gewielt gouf.
- 13. Mee: Leschten Dag vun de Parlamentswalen an Indien.
- 17. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt mat 69% vun de Stëmmen zur Presidentin a Litauen gewielt.
[änneren] Abrëll 2009
- 1. Abrëll: Albanien a Kroatien gi Member vun der NATO.
- 1. Abrëll: De Benjamin Netanjahu gëtt neie Regierungschef an Israel.
- 3. Abrëll: De Najib Tun Razak gëtt President vu Malaysia.
- 5. Abrëll: Den Djordje Ivanov gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen a Mazedonien.
- 5. Abrëll: Den Ivan Gašparovič gëtt am zweeten Tour bei de Presidentschaftswalen an der Slowakei erëmgewielt.
- 5. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Moldawien gewënnt d'Kommunistesch Partei (Partidul Comuniştilor din Republica Moldova) ënnert dem Vladimir Voronin mat ronn 60% vun de Sëtzer.
- 5. Abrëll: An Dänemark gëtt de Lars Løkke Rasmussen Premierminister, nodeems den Anders Fogh Rasmussen Generalsekretär vun der NATO gouf.
- 6. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an Abruzzen (Italien), ronderëm d'Stad L'Aquila, stierwen bal 300 Mënschen, ronn 40.000 verléieren hiert Doheem.
- 9. Abrëll: Parlamentswalen an Indonesien.
- 11. Abrëll: Den Abdelaziz Bouteflika gëtt als President vun Algerien erëmgewielt.
- 14. Abrëll: De Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker stierft.
- 16.: D'Parlamentswalen an Indien fänken un a se daure bis den 13. Mee
[änneren] Mäerz 2009
- 2. Mäerz: De President vu Guinea-Bissau, João Bernardo Vieira, gëtt bei engem Militärputsch erschoss.
- 12. Mäerz: Lëtzebuerger Konstitutioun gëtt g'ännert.
- 12. Mäerz: De Valdis Dombrovskis gëtt neie Premierminister a Lettland.
- 15. Mäerz: De Mauricio Funes gëtt zum neie Staatspresident vun El Salvador gewielt.
- 18. Mäerz: den Andry Rajoelina autoproklaméiert sech President vu Madagaskar, nodeems de Marc Ravalomanana den Dag virdrun zeréckgetruede war an d'Muecht engem "militäreschem Directoire" iwwerdroen hat.
- 24. Mäerz: Déi tschechesch Regierung ënnert dem Mirek Topolánek, déi d'EU-Présidence huet, trëtt no engem Mësstrauensvote am tschechesche Parlament zeréck. Den 8. Mee iwwerhëlt de Jan Fischer iwwerganksméisseg d'Amtsgeschäfter.
- 29. Mäerz: D'Awunner vu Mayotte stëmmen derfir, datt d'Insel 2011 e franséischt Departement soll ginn.
[änneren] Abrëll 2007
- Déi hollännesch ABN Amro-Bank verléiert hir Onofhängegkeet: D'Barclays-Bank iwwerhëlt hir Konkurrentin fir 70 Milliarden €. Déi nei Hoding wäert Barclays PLC heeschen. Et "verschwannen" 12.800 Aarbechtsplazen.
- Déi lëtzebuergesch Motopoliziste gi mat schwaarze Liedercombinaisonë mat orange Schëllerstécker equipéiert, déi am Schwarzwald fabrizéiert ginn
[änneren] Mäerz 2007
- 12. Mäerz: De Premier Jean-Claude Juncker gëtt an déi franséisch Académie des Sciences Morales et Politiques opgeholl. Hien hëlt d'Plaz vum Verstuerwenen Afrikaner Léopold Sédar Senghor an.
- 16. Mäerz: Den Televisiounssender T.TV hält op mat senden.
[änneren] August 2006
- 13. August: Den David Fiegen gewënnt déi éischt Europameeschterschaft-Medail fir Lëtzebuerg. Mat enger Zäit vun 1.46:59 gewënnt hien eng Sëlwermedail am 800m hanner dem Hollänner Bram Som.
[änneren] Juli 2006
- 18. Juli: De Fränk Schleck gewënnt déi 15. Étappe, op L'Alpe d'Huez, vum Tour de France 2006.
[änneren] Mee 2006
- 11. Mee: Fir d'5. Kéier gëtt zu Lëtzebuerg den Girls' Day organiséiert deem säin Zil et ass, am Sënn vun der Gläichberechtegung de Meedercher méi technesch Berufer méi no ze bréngen. An Däitschland ass de Girl's Day de 27. Abrëll.
- 10. Mee Gläich 5 gutt Neiegkeete koumen aus der an der Lescht dach staark gebeidelter lëtzebuergescher Wirtschaft. Den amerikaneschen Autozouliwwerer Delphi wäert säi Wierk zu Nidderkäerjeng awer net zoumaachen. Obwuehl Delphi ugekoennegt huet weltwäit eng Rei Wierker zou ze maachen, solle verschidden Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn. 20 Nei Aarbechtsplaze solle sou geschaafe ginn. Wann d'WSA sech vu Beetebuerg zréckzitt waert dat eidelt Areal net laang eidel stoen. Wéi de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké matgedeelt huet, stinn eng Partie Projeten zur Diskussioun. D'Regierung préconiséiert eng Léisung am Logistik Beraich. An och zu Jonglenster get et ee Repreneur fir eng Firma déi hir Dieren zoumecht. Wann d'Firma Clement hei demnächst d'Luuten ausmecht waert den deitschen Hela Groupe kuerz duerno an de Startlächer stoen fir se nees unzeknipsen. 30 Aarbechtsplaze si vun der Fermeture vu Clement betraff. 60 bis 70 Aarbechtsplaze sollen vun Hela nees nei geschaafe gin. 2 Entreprisen déi viru Kuerzem nach finanzielle Schwieregkeete waren, hun haut hir Bilan'en vun 2005 respektiv vum 1. Quartal 2006 präsentéiert. De Mediegrouppe Groupe Saint-Paul an den Logistikkonzern Thiel schreiwen nees schwartz Zuelen.
- 9. Mee: De Groussherzog Henri a seng Fra sinn haut vum Poopst zu Roum an Audienz empfaange ginn.
- 3. Mee: Ugangs des Joers ware Gerüchter an Emlaf komm no deenen d'Monopol-Geschäfter a finanzielle Schwieregkeete wieren. Nach den 18. Februar huet d'Generaldirektioun verkoennegt dat un dese Gerüchter naischt dru wier, a si hu virun der Presse Entwarnung ginn wat eventuell Entloossungen géif ugoen. Den 26. Abrëll dunn ass d'Nouvelle ageschlo wéi eng Bomm. De Monopol ass um Enn an all seng 10 Geschaefter waerten nach dest Joer hir Dieren zoumaachen. 263 Mataarbechter stinn domadder virun der Dier. Haut sinn d'Verhandlungen em een Sozialplang ugangen, an et schengt wéi wann den neien Modell vum Maintien dans l'emploi vun allen Bedeelegten géif préconiséiert ginn.
- 2. Mee: De Premier Jean-Claude Juncker huet an der Chamber seng Déclaratioun zur Lag vun der Natioun gemaach.
[änneren] Abrëll 2006
- 27. Abrëll: D'Luxair gouf vun 6 europäeschen Verbraucherschutzorganisatiounen zur 5. bester Fluchgesellschaft gewielt. Gefroot goufen 9.000 Fluchgäscht an ausgewert goufen 36.000 Flich vun 110 verschiddene Fluchgesellschaften. Ob Plaz 1 koum Singapore Airlines, gefollegt vun Malaysian Airlines, Qantas a Sry Lankan Airlines.
- 16. Abrëll: De Fränk Schleck gewënnt d'Amstel Gold Race (UCI ProTour) an Holland.
[änneren] Mäerz 2006
- 22. Mäerz: Weltwaasserdag.
- 20. Mäerz:Irak.An der Editioun vum 20. Mäerz publizéiert Time, wéi et dozou koum datt den 19. November US-Marines, no enger Bommenattack, 15 onbewaffent irakesch Zivilleit (dorënner siwe Fraen an dräi Kanner) an hiren Haiser erschoss hunn. (http://www.time.com/time/world/printout/0,8816,1174649,00.html)
- 19. Mäerz: Wäissrussland.Bei enger Wahlbedeelegung vun 92,6 % a Wäissrussland kritt den aktuelle President Alexander Lukaschenko no offiziellen Donnéeën 82,6 Prozent vun de Stëmmen. De SPIEGELonline schreift vu "Wahl-Farce" ", am Deutschlandradio-Kultur bezeechent den EU-Komminssiounsvizepresident Günter Verheugen Wäissrussalnd als déi "lescht wierklech Diktatur" an Europa. Den Delegatiounschef vun de 467 Wahlobservateure vun der GUS, de Wladimir Ruschailo, seet virun der Press, d'Wahle wieren no de wäissrussesche Gesetzer verlaf.
- 17. - 19. Mäerz: Den 23e Festival des migrations des cultures et de la citoyenneté an der Luxexpo um Kierchbierg mat den Themen "Neit Gesetz zur Asylpolitik", "Illegal Immigratioun", "Wat fir eng Méiproochegkeet fir Lëtzebuerg?". Organiséiert gëtt de Festival vum CLAE.
- 16. Mäerz: An der Chamber zu Lëtzebuerg geet Rieds iwwer d'Kooperatioun an iwwert d'Ännerung vun der Verfassung: d'Gläichsetzung vu Mann a Fra!
- 8. Mäerz: Den Internationale Fraendag ass ouni vill Gedausch iwwert d'Bühn gaangen. D'EU appelléiert un d'Männer un där Aktioun deelzehuele géint Zwangsprostitution während der WM-Fussballweltmeeeschterschaft, wou mat 1.000.000 den Dag un Agressiounen u Frae gerechent gëtt: Kaf vu Sex eng Mënscherechtsverletzung.
[änneren] Februar 2006
- 3. Februar: Honnerten Indonesier hunn haut mam Slogan "Loosst eis den däneschen Ambassadeur schluechten" déi dänesch Botschaft gestiermt an alles kuerz a kleng gehaen. Ronn 100 Poliziste stongen do fir deem Crime nozekucken ouni iergendeen ze verhaften oder anzegräifen. An der Nuecht si palestinesesch Al-Aksa-Brigaden an Hotellen agedronge fir no Europäer ze sichen déi ëmbruecht oder entfouert solle ginn. Hannergrond vun deene Doten as d'Verëffentlechung vu satireschen Zeechnungen iwwert de Mohammed, déi zioer vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten als Protest géint Selbstzensur a Beschränkung vun der Meenungsfräiheet verëffentlecht goufen, a mëttlerweil vu villen europäeschen Zeitunge solidaresch nogedréckt goufen.
[änneren] Januar 2006
- 27. Januar: Den indesche Milliardär Lakshmi Mittal huet haut de muere bekanntginn, datt säi Stolkonzern Mittal Steel Company wëlles huet, fir 18,6 Milliarden Euro d'Arcelor opzekafen. Mittal Steel ass am Moment a Saache Stol d'Nummer 1 op der Welt an d'Arcelor d'Nummer 2 - wann dëse feindleche Coup op der Bourse duerchgoe géif, kéint en neie Stolgigant entstoen, deem u Lëtzebuerg als Standuert a Gesellschaftssëtz net onbedingt geleeën ass. D'Lëtzebuerger Vollek erwaart elo vu senger Regierung, datt se kloer Positioun bezitt a Mossnahme géint de Verloscht vun der gréissten Entreprise aus dem Land hëlt. Obschonns se elo net déi finanziell Moyenen huet fir hir Eegebedeelegung substantiell eropzesetzen, ka se ëmmer nach op eng Ännerung vun de Statute vun der Arcelor pochen fir datt en Investor mat méi wéi 50% vun den Aktien just nëmme maximal 5% vun den Droits de Vote ausüben kann, oder se misst - grad wéi Frankräich - kuerzfristeg Gesetzer huelen déi auslännesch Investitiounen a sensibel Beräicher u bestëmmten Oploen a Garantië bënnt (z.B. Standuert a Gesellschaftssëtz op d'manst 15 Joer am Land ze loossen).
- 16. Januar: An der Tierkei huet d'Vullegripp haut e véiert Doudesaffer gefuerdert. Op d'mannst 20 weider Persounen hu sech mam Erreger infizéiert. Et gëtt elo gefaart, datt de Virus H5N1 vun do mat Zuchvigel oder Mënschen och an Europa komme kéint.