Al Capone

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Den Al(fonso) Capone, gebuer de 17. Januar 1899 zu Neapel a gestuerwen de 25. Januar 1947 zu Miami (Florida), war en US-amerikanesche Gangster.

De legendären amerikanesche Gangsterboss hat italieinesch Originnen an ass an de Slums vun New York opgewuess.

1920 ass hien op Chicago geplënnert an huet sech do der Gangsterband vum John Torrio ugeschloss. Déi Band krut hir Suen haaptsächlech aus dem Glécksspill, der Prostitutioun an aus illegalen Bistroten, déi zur Zäit vun der Prohibitioun (1920 bis 1933) ganz grouss Gewënner gemaach hunn. Ausserdem gouf de räiche Geschäftsleit de "Schutz" vun der Band opgezwongen, natierlech nëmmen géint Bezuele vun enger héijer "Assurance-Prime".

No der Flucht vum John Torrio, gouf den Al Capone deem säi Successeur. Hie soll eng ganz Rei brutal Muerde begaang hunn, déi d'Police him awer ni noweise konnt.

1931 konnt him just Steierhannerzéiung nogewise ginn.

Commons: Al Capone – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen