Assurance

Vu Wikipedia

Eng Assurance oder Versécherung ass eng Operatioun, déi um Prinzip vum Iwwerhuele vun engem Risiko berout. Dofir gëtt e Geldbetrag, dat heescht eng Primm, bezuelt, déi an en Dëppe fléisst. Aus dësem Dëppen, dat vun enger Assurance-Gesellschaft oder engem Assurance-Organ verwalt gëtt, ginn déi Verséchert bezuelt, wann de Risikofall antrëtt. Viraussetzung ass datt d'Antriede vum Risikofall an de Betrag, dee fälleg gëtt, no versécherungsmathemateschen a statistesche Methode bestëmmt ka ginn.

De Versécherungsvertrag[änneren | Quelltext änneren]

Eng Versécherung baséiert op engem gedréckte Kontrakt, och Police genannt, dee tëscht de zwou Parteien, dem Versécherten (Assuré) an dem Versécherer (Assureur), ofgeschloss ass. Hien enthält d'Klausele mat de Konditiounen ënner deenen eng Versécherung zur Auswierkung kënnt. Ënnerscheet gëtt:

  • allgemeng Konditiounen oder conditions géénérales (Dat sinn déi kleng gedréckt Stipulatiounen an der Police) an
  • déi eege Konditiounen oder conditions particulières, déi bei engem bestëmmte Kontrakt applizéiert ginn an déi vun den allgemenge Bedingungen ofwäichen oder se ergänze kënnen.

E Versécherungskontrakt kann an der Zäit begrenzt sinn, oder erneierbar sinn (automatesch, wann net schrëftlech gekënnegt gëtt oder op ausdrécklechen Accord vun de zwou Parteien).

Deckungsprinzipien[änneren | Quelltext änneren]

Wat d'Deckung vun de Risike betrëfft, sou gëtt et zwou Methoden:

  • D'Kapitaldeckungsverfahren (fr.:système de capitalisation des primes). An deem System dat normalerweis bei Persouneversécherungen am Privatsecteur applizéiert gëtt, ginn déi eenzel kapitaliséiert Primmen a Reserven ugeluecht, an zwar an dem noutwennege Mooss fir den eenzele festgeluechte Betrag ze bezuelen, da wann de Risikofall antrëtt.
  • D'Umlageverfahren, oder fr.:Système de répartition, ass déi Method, zu där haaptsächlech déi gesetzlech Versécherunge vun deem Moment un iwwergaange sinn, wéi duerch d'Rentenopbesserungen déi kapitaliséiert Reserven net méi duergaange sinn, fir déi fälleg Beträg ze bezuelen. Dëse System stéisst dann op Schwieregkeeten, wann d'Populatioun an domat déi abezuelt Primmen ofhuelen an d'Primmenopkommen net méi duergeet fir déi fälleg Fäll auszebezuelen. Dann ass dëse System op ëffentlech Zouschëss ugewisen.

Kategorië vun Assurancen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi grouss Kategorië vu Versécherungen:

  • d'Versécherung vu Persounen
  • d'Versécherung Saachen
  • d'Haftpflicht-Versécherung, dat heescht d'Versécherung vun enger gesetzlech festgeluechter Responsabilitéit

d'Versécherung vu Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Hei handelt et sech haaptsächlech ëm d'Liewensversécherung, déi entweeder

  • beim Doud oder
  • beim Iwwerliewen no enger gewësser Zuel vu Jore fälleg gëtt.
  • Eng drëtt Form vu Liewensversécherung ass d'combinéiert Versécherung, déi am Fall vum Doud oder awer beim Iwwerliewen no de stipuléierte Joren ausbezuelt ka ginn.

Eng Liewensversécherung gesäit als Géigeleeschtung vum Assuré entweeder d'Abezuele vun engem

  • eemolege Kapital duerch den Assuré oder de Versement vu
  • monatlechen, véirel- oder ganzjärege Primme vir.

Bei der Fällegkeet bezuelt d'Assurance, jee no deem wat ausgemaach gouf, entwedwer e feste Kapital un de Versécherten oder un déi vun him bestëmmte Persounen aus, oder si bezuelt him eng Rent, meeschtens op monatlecher Grondlag. Am leschte Fall handelt et sech ëm eng typesch Renteversécherung. Schliisslech gëtt et Assurancen, déi op ee Kapp oder op méi wéi ee Kapp ofgeschloss ginn.

Dat heescht, datt d'Berechnung vun enger Liewensversécherung an de noutwennege Réckstellungen net einfach ass an eng besonnesch Schoulung vun engem spezialiséierte Versécherungsmathematiker, dem Aktuär, wéi e genannt gëtt, erfuerdert.

d'Versécherung vu Saachen[änneren | Quelltext änneren]

D'Versécherung vu Saachen oder assurance de choses besteet doran, fir de Schued ofzedecken, deen entsteet, wann en Objet geholl oder zerstéiert gëtt. D'Assurance géint Déifstall (assurance-vol) an d'Féierversécherung (assurance-incendie) sinn typesch Saachversécherungen.

Bei de Saachversécherungen heescht et oppassen, datt een net ënner- oder iwwerverséchert ass. Am Fall vun enger Ënnerversécherung applizéiert d'Gesellschaftt déi sougenannt proportionell Reegel; dat bedeit, dat se net de volle Wäert rembourséiert, mä nëmmen de Wäert deen am Verhältnes zur versécherter Valeur steet. Bei enger Iwwerversécherung gëtt héchstens den tatsächleche Wäert als Grondlag fir d'Berechnung vum Schued geholl, well et verbueden ass, iwwer d'Versécherung vun enger Saach e Benefice ze maachen. Et gëtt allerdéngs Ausnamen. Bei Tableauen z. B. kann ee vum Assureur de Wäert agreéiere loossen. Am Schuedfall rembourséiert d'Assurance dann den agreéierte Wäert.

d'Haftpflicht-Versécherung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Haftplichtversécherung ënnerscheet sech vun enger Saachversëcherung doduerch, datt se e Schued ofdeckt, deen op der Passivsäit vun der Bilanz zum Virschäi kënnt an dee sech aus der gesetzlecher Obligatioun ergëtt, a verschiddenen, am Gesetz festgeluechte Fäll ze haften (Artikelen 1382-1386 vum Code civil). D'Autoshaftpflicht, d'Familljenhaftpflicht sinn hei typesch Fäll. E Spezialfall ass allerdéngs eng Casco, souwäit se nieft der gewéinlecher Haftbarkeet vum Proprietär vum Won och den eegene Schued um Gefier, fir dee keng Drëttpersoun haftbar gemaach ka ginn, ofdeckt. D'Haftpflichten decken net automatesch de volle Schued of. Limitte kënne festgeluecht ginn oder Franchise stipuléiert ginn (Eng Franchise ass eng ënnescht Grenz vum Schued, déi iwwerschratt muss sinn, fir datt den Assureur de Schued bezilt).

Obligatoresch an net obligatoresch Assurancen[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerscheet gëtt och tëscht obligatoreschen an net obligatoresche Versécherungen.

  • Eng obligatoresch Versécherung. ass déi Assurance, déi duerch gesetzlech Bestëmmunge contractéiert muss ginn. Een typescht Beispill ass d'Autoshaftpflicht-Versécherung. D'Pensiounsversécherung ass och an de meeschten Industrielänner fir all beruffstäteg Persounen obligatoresch.
  • Net obligatoresch Versécherungen sinn all déi aner Versécherungen, déi op fräiwëlleger Grondlag ofgeschloss ginn.

Assurance-Organen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidde Versécherungsorganen:

  • Déi staatlech oder staatlech organiséiert Pensiouns- oder Krankekeesen
  • D'privat Versécherungsgesellschaften
  • d'Mutuellen: Dat sinn net kommerziell Persounegesellschaften, déi nom Mutalitéitsprinzip organiséiert sinn an déi mat Fonge vun hire Memberen deenen hir Risikofäll ofdecken. Et handelt sech dobäi meeschtens ëm Organen, déi op sozialem Gebitt d'Kranken- an d'Stierfkäschten, déi iwwer déi vun den ëffentleche Sozialversécherungen erausginn, iwwerhuelen. Verschidde Mutuelle bezuelen och Zousazpensiounen.

Coassurance a Réassurance[änneren | Quelltext änneren]

D'Intermediairen am Assurancegeschäft[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Agenten: Een Agent ass de Vertrieder vun enger Versécherungsgesellschaft. Hien oder, e Stack driwwer, de Generalagent, däerfe fir all Branchen nëmme bei enger eenzeler Versécherungsgesellschaft zougelooss sinn. Si handelen am Optrag vun hirer Assurancegesellschaft.
  • D'Courtieren dogéint handelen am Optrag vum Versécherten: Hir Missioun besteet doran,de Kontakt mat sämtlechen Assurance-Gesellschaften am Intressi vum Assuré, dee si beoptragt huet, z'erhalen, a sou fir hien déi gënschtegst Condituounen erauszeschloen.

Bis 1991 gouf et zu Lëtzebuerg - op d'mannst offiziell - keng Courtieren. Well awer eng international Assurance-Plaz, wéi Lëtzebuerg eng wëllt sinn, ouni Courtieren net denkbar ass, gouf duerch d'Gesetz vum 6. Dezember 1991 iwwer den Assurance-Secteur och d'Viraussetzung fir d'Zouloosse vu Courtieren zu Lëtzebuerg geschaf.

D'Assurancenopsiicht[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg, eng international Assuranceplaz[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf et vun de Joren nom Zweete Weltkrich un Usätz zur Entwécklung vun enger internationaler Versécherungsaktivitéit. Wéi dunn d'Europäesch Kommissioun Dispositioune geholl huet, fir den Déngschtleeschtungsverkéier an Europa iwwer d'Grenzen ewech ze liberaliséieren, sinn déi nei Méiglechkeete vun der Finanzplaz Lëtzebuerg och am Assurancesecteur konsequent ausgenotzt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Insurance – Biller, Videoen oder Audiodateien