Bakuman

Vu Wikipedia

Bakuman, stiliséiert als Bakuman。 (バクマン。), ass eng japanesch Manga-Serie, déi vum Tsugumi Ohba geschriwwen a vum Takeshi Obata illustréiert gouf. D'Serie gouf am Woche-Magazin Weekly Shōnen Jump tëscht August 2008 an Abrëll 2012 publizéiert. Se ass an 176 Kapitelen opgedeelt a gouf vum Verlag Shueisha als Manga- Bicher erausginn.

D'Geschicht handelt vum Zeechentalent Mashiro Moritaka an dem doutkranke Schrëftsteller Takagi Akito, déi gär zesumme Mangaka (d. h. Manga-Kënschtler) wëlle ginn, woubäi de Mashiro zeechent an den Takagi d'Geschichte schreift.

Eng Anime-Tëleesadaptatioun gouf vum Studio J.C.Staff realiséiert, déi hiren Debut den 2. Oktober 2010 um Sender NHK-E hat. Am Laf vun 3 Joer goufen dräi Staffele mat jee 25 Follgen, ausgestraalt. Bakuman war 2011 déi 7.- meeschtverkaaft Mangaserie an déi 10.-bescht am Joer 2012. Bis Mee 2014 goufen iwwer 15 Millioune Bänn vun der Serie an Ëmlaf bruecht. Dobäi kënnt nach, datt déi Serie déi éischt war, déi vum Verlag Shueisha an e puer Sproochen iwwersat an online gestallt gouf, ier s'an den Drock baussent Japan koum.

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Mashiro Moritaka, e 14 jonke Lycéesschüler, dee säin Heft an der Schoul leie gelooss hat, dowéinst zeréck an d'Schoul gaange war, ass en op säi Klassekomerod, den Takagi Akito gestouss. Deen huet dem Mashiro seng Zeechnunge virwëtzeg duerchgekuckt an en doropshi gefrot, wat seng Pläng nom Lycée wieren. De Mashiro seet him, datt en op eng lokal Uni géif goen a sech dann an d'Beruffswelt stierze wéilt. Den Takagi, liicht enttäuscht, zielt sengem Klassekomerod, datt en den Dram hätt, als Mangaka ze schaffen, an de Mashiro säi perfekte Partner dofir wier. De Mashiro ass iwwerrascht, datt e sou Wierder héiert, a seet ëm ufanks of. De Grond wier säi Monni, deen duerch de ganzen Drock als Mangaka verstuerwe ass an, datt et schwiereg mat der Famill wier. Den Takagi kënnegt dann un, datt e bei d'Azuki Miho, eng Klassekomerodin vun deenen zwéi goe wéilt, an him seng Pläng erziele wéilt. De Mashiro, dee geschockt war well hien an hatt verléift ass, wéilt gär wësse wat säi Klassekomerod wierklech vir huet. Wou si sech da virum Azuki sengem Haus befannen, an et eraus ruffe, baischt den Takagi seng Pläng fir d'Zukunft an d'Azuki doropshin och seng. Et dreemt dovu Synchronspriecherin ze ginn, wat déi zwéi faszinéiert. An der ganzer Diskussioun gesteet de Mashiro, datt hie mam Takagi géif zesumme e Manga kreéiere mam Zil eng Anime-Adaptatioun ze kréien. De Mashiro versprécht, datt hatt dann och d'Haaptroll géif kréien. Voller Emotioune seet de Mashiro och nach, datt en hatt bestuede wéilt wann hir Dreem an Erfëllung ginn. D'Azuki, wat de Mashiro och gär huet, acceptéiert dës erstaunlech Propose, ënnert der Konditioun, datt si sech net méi gesinn bis hir Dreem an Erfëllung gaange sinn. Voller Motivatioun starten déi zwéi jonk Studente ënnert dem Kënschtlernumm “Ashirogi Muto” duerch, an der Hoffnung datt se hire Manga am Weekly Shōnen Jump publizéiere kënnen.

No ville Presentatioune vu one-shots, engem Kuerzgeschichteformat, beim Verlag Shueisha, start “Ashirogi” mat hirem Titel Detective Trap (疑探偵TRAP(ぎたんていトラップ) Gitantei Torappu) am Weekly Shōnen Jump. Leider gëtt déi Serie no kuerzer Zäit ofgesat. Engersäits duerch déi falend Popularitéit an och well de Mashiro, duerch d'Iwwerschaffen, an d'Spidol gefouert gëtt. Dëst fält de jonke Protagoniste schwéier, mee no vill Ënnerstëtzung gesi se an, datt déi Decisioun an hirer Situatioun wuel déi Beschte wier. Hiren zweeten Titel ass de comedy manga Vroom, Tanto Daihatsu (走れ!大発タント Hashire! Daihatsu Tanto). Si realiséiere séier, datt se deen Titel opgi wëllen, well s'erkennen, datt den Titel net beléift genuch wier, an den Takagi Schwieregkeete beim Schreiwe fir dëse Genre huet. De Chefredakter vum Verlag ënnerstëtzt déi ongedëlleg Decisioun net a gëtt hinnen eng Erausfuerderung: Déi zwéi sollen e bessere Manga kreéiere wéi hire Rival, den Niizuma Eiji. Den Niizuma ass schonn e puer Joer mat senger Mangaserie un der Spëtzt vum Weekly Shōnen Jump an huet och ëmmer erëm déi zwéi ugestach weider ze maachen. Déi 3 jonk Talenter sinn Äerzrivalen an der Industrie a si sech eens, datt se ëmmer méi erreeche wëlle wéi den aneren. Als Äntwert op déi Erausfuerderung, presentéiert d'Ashirogi Muto hir Manga-Serie Perfect Crime Party (PCP -完全犯罪党- PCP -Kanzen Hanzaitō-). De Manga kënnt bei de Leit ganz gutt un, wat duerch d'Kommentaren an d'Bewäertunge vun de Lieser bekannt gëtt. Mä der Hoffnung, datt eng Anime-Adaptatioun op de Succès follegt, muss de Verlag leider do e Stréch duerch d'Rechnung maachen. D'Thematik vun der Geschicht passt net an de Fernseemilieu, wëll Kontroversen opdauche kéinten, an dowéinst eng Anime Produktioun net méiglech ass. Wéinst dem grousse Succès, gëtt awer eng Drama CD Adaptatioun gemaach, wou d'Azuki och eng Roll kritt.

Wärend s'an hire Gedanken, hirem Zil ëmmer méi nokommen, ginn “Ashirogi” eng schockéierend Noriicht gewuer: hire Rivale, den Niizuma Eiji, reecht en neie one-shot an, woumat hien dann zwou Serien am Weekly Shōnen Jump leed. “Ashirogi” léisst sech dat net gefalen a stellt och eng nei Geschicht mam Titel Reversi (リバーシ Ribāshi) vir. Dës Manga-Serie ersetzt Perfect Crime Party vum Weekly Shōnen Jump a gëtt an de mensuelle Magazin vu Shueisha geréckelt, Hisshou Jump. Reversi weist grousst Potential op, a beweist dat mat den héije Verkafszuelen. Dorops hin gëtt iwwert eng Anime-Adaptatioun diskutéiert, wat erëm zu Komplikatioune féiert. No ville Diskussioune mam Verlag, kritt d'Anime-Adaptatioun och gréng Luucht an d'Azuki kritt no enger ëffentlecher Auditioun d'Roll als Synchronspriecherin vum Haaptpersonnage. Nodeems hir Dreem an Erfëllung gaange sinn, hält de Manga mat der offizieller Ufro vum Mashiro op, ob d'Azuki hie bestuede wéilt. Op der Plaz, virum Azuki sengem fréieren Haus, wou si sech hiert Versprieche ginn hunn, gëtt d'Bestietnes mat hirem éischte Kuss ofgeschloss.

Haaptpersonnagen[änneren | Quelltext änneren]

Mashiro Moritaka[änneren | Quelltext änneren]

De Mashiro Moritaka (真城 最高 Mashiro Moritaka) ass mat sengem Alldagsliewen als japanesche Staatsbierger zefridden, allerdéngs huet en eng grouss Passioun. Hie wëll nämlech Manga-Schrëftsteller ginn. Dës Passioun huet säin Ursprong a sengem Monni, deen och Manga Schrëftsteller war. Hien huet sech a seng Klassekomerodin Azuki Miho verléift an huet seng Léift schlussendlech mat engem Versprieche beluet, datt hien et bestuede géif wann hir Dreem an Erfëllung ginn. Hie schafft mam Akito Takagi zesumme fir e Manga hierzestellen deen zu engem Anime soll adaptéiert ginn. Déi zwéi fänken ënnert dem Kënschtlernumm “Ashirogi Muto” un, woubäi hien den Zeechner, an den Takagi fir d'Geschicht zoustänneg ass. Säi Liblingsmanga ass d'Manga-Serie Ashita no Joe.

Takagi Akito[änneren | Quelltext änneren]

Den Takagi Akito (高木 秋人 Takagi Akito) decidéiert, mam Mashiro Moritaka zesummen en Manga ze kreéieren. Hie spezialiséiert sech op d'Geschicht, Dialoge déi komesch sinn, an huet e Schreifstil den als ”serious comedy” duerchgeet. Déi zwéi starten ënnert dem Kënschtlernumm “Ashirogi Muto” duerch. Et ass bekannt datt den Takagi en Top Student ass, wat zwou Studentinne aus senger Schoul unzitt. D'Iwase Aiko ass och eng Top Studentin (ënnert den 2 bäschten am Schoulgebai) an huet den Takagi ëmmer als akadeemesche Rival ugesinn. Den Takagi gesteet seng Frustratioun géigeniwwer sengen Eltere, datt si him Drock kachen, a virschreiwe Bürossaarbechter ze ginn. Hien allerdéngs decidéiert Mangaka ze ginn. Nodeems hie seng Dreem den zwéi Studentinne verroden huet, wielt en d'Miyoshi Kaya iwwert d'Iwase Aiko als Frëndin, well hatt dem Takagi seng Dreem respektéiert an och hir vollsten Ënnerstëtzung ubitt. Säi Liblingsmanga ass d'Manga-Serie Dragon Ball.

Azuki Miho[änneren | Quelltext änneren]

D'Azuki Miho (亜豆 美保 Azuki Miho) ass dem Mashiro seng grouss Léift. Säi Wonsch ass et spéider Synchronspriecherin ze ginn. An der Geschicht stellt sech eraus, datt dem Azuki seng Mamm déi Fra ass, an déi sech dem Mashiro säi Monni verléift hat. D'Azuki versprécht, datt et sech no der Verwierklechung vun sengen Dreem mam Mashiro bestuet, ënnert der Bedingung sech bis dohin net méi ze gesinn. Wou et sech an d'Beruffswelt stierzt, ass et ufanks net duerch seng Aarbecht beléift, mee méi duerch säin Ausgesinn. Dëst léisst bei him Verzweiwlung aus, an hat kritt souguer vu sengem Agent recommandéiert als Model ze schaffen. D'Iddi dëse Wee anzeschloen, gëtt ënnert dem Mashiro senger Ënnerstëtzung, vum Azuki ofgeleent. Hatt an de Mashiro kommunizéieren haaptsächlech iwwert den Handy a Form vun E-Mails an Uriff. Heiansdo treffe si sech ënner spezielle Konditioune, wéi zum Beispill am Spidol. Do baischt d'Azuki dem Mashiro seng Léift, déi scho säit dem 4. Schouljoer undauert. Nodeems de Mashiro aus der Klinick entlooss gouf, hu si ugefaange méi mateneen ze kommunizéieren.

Miyoshi Kaya[änneren | Quelltext änneren]

D'Miyoshi Kaya (見吉 香耶 Miyoshi Kaya) ass dem Azuki seng beschte Frëndin an dem Takagi seng spéider Frëndin. Hat huet net vill Selbstvertrauen, zemools wann et ëm säin Ausgesinn geet. Hat mengt datt d'Leit et uléie wann et Komplimenter gemaach kritt. D'Miyoshi huet Kampfsport praktizéiert, wat et méi staark mëscht wéi déi meeschte Leit. Hat ass och ganz launesch, wat nach méi ervirkënnt wann et bis gedronk huet. Doduerch datt seng Frënn sech héich Ziler gesat hunn, entwéckelt hatt d'Gefill eleng gelooss ze ginn. Et probéiert als éischt en Handyauteur ze ginn, wou et dem Mashiro an dem Azuki hir Romanz erziele wëll. Leider kritt hatt et net hin, an den Takagi schreift d'Geschicht schlussendlech fir hatt. Dono entscheet et sech, dem Mashiro an dem Azuki bäizestoen a seng voll Ënnerstëtzung ginn, och an der Hoffnung sech mam Takagi ze bestueden. Et fänkt u Bicher am Aarbechtsstudio ze liesen, botzt, kacht, an hëlleft hinnen d'Manga Säiten anzefëllen. De Mashiro an den Takagi kläre spéider op, datt dem Miyoshi seng Presenz ganz wichteg ass, well et eng positiv Ausstralung an eng optimistesch Atmosphäre verbreet. Ouni hatt géifen déi zwéi am stressege Aarbechtsëmfeld ënnergoen, wat hatt zum Deel vum Team mëscht. Hatt koum op de Kënschtlernumm "Ashirogi Muto". Säi Liblingsmanga ass d'Manga-Serie One Piece.

Wichteg Niewepersonnage[änneren | Quelltext änneren]

Niizuma Eiji[änneren | Quelltext änneren]

Den Niizuma Eiji (新妻 エイジ Niizuma Eiji) ass e Mangaka Wonner an der Welt vu Bakuman an huet am Alter vu 15 Joer den Tezuka Award gewonne. Hie plënnert vun Aomori, Nordjapan, op Tokyo fir u senger Serialiséierung vu sengem Manga Titel Crow (烏 Krō) ze schaffen. Dëst ënnert der Konditioun, datt en eng Manga-Serie aus dem Weekly Shōnen Jump annuléieren däerf, wann en de populäerste Auteur vum Magazin gëtt. Spéider fänkt en och un d'Illustratioune fir den Titel +Natural (プラスナチュラル Purasu Nachuraru), aus der Fieder vum Aiko Iwase, ze zeechnen. Dëst hënnert net un der Qualitéit vu senger eegener Sérialiséierung. Nodeems säi Manga Crow 7 Joer verëffentlecht gouf, decidéiert den Niizuma säin eegent Wierk z'annuléieren. Als ee vun den Haaptauteure vun Jump, huet en dann seng ufanks ugekënnegt Konditioun erfëllt, a schléisst den erfollegräiche Manga Crow mam leschte Kapitel of. Ab deem Moment fänkt den Niizuma un, um Titel Zombie٭Gun (ゾンビガン Zonbi٭Gan) ze schaffen, a setzt sech d'Zil et zum erfollegräichsten a beléiftste Manga op der Welt ze maachen.

Hie schafft mat vill Passioun als Mangaka, lauschtert Musek op der héchstméiglecher Lautstäerkt an ass ganz chaotesch. Obwuel den Niizuma eng ganz frëndlech Persoun an e grousse Fan vun “Ashirogi Muto” ass, deklaréiere de Mashiro an den Takagi hien als Äerzrival. Tatsächlech bréngt dëst vill Respekt a Bewonnerung an déi géigesäiteg Rivalitéit, a bréngt Determinatioun a Freed fir hir Aarbecht. Den Chefredakter beschreift d'Ënnerscheeder tëscht dem Niizuma an “Ashirogi” als ganz kloer: Den Niizuma huet eng Besiessenheet fir d'Mangazeechnen am jonken Alter vu 6 entwéckelt an huet zanterhier weider gemaach, wat seng Léift zum Manga definéiert. Hien tendéiert dozou, agebilt eriwwer ze kommen, well hien an der Industrie ëmmer als Genie bezeechent gëtt a vill Luef fir seng Aarbecht kritt. Mä no enger gewëssener Zäit, wéi en u Crow geschafft huet, huet e sech berouegt, a seet souguer, datt hien “net gutt genuch als Mangaka wier, fir aner Leit hir Wierker ze bewäerten” (Dëst wou e vu sengem Redakter gefrot gouf, fir aner Aarbechten ze bewäerten). Den Niizuma huet en exzentresche Charakter mat komesche Eegenschaften. Zum Beispill jäizt en ëmmer, wann en zeechent. Hie stécht sech och Zeechefiederen hannen a säi Pullover, wat Flilleke gläicht. Trotz all deem, ass hien en éierleche a stolze jonke Mann, an huet e gutt Ae fir talentéiert Mangaka andeems e nëmmen hir Wierker analyséiert. Hie ka Mënsche gutt aschätzen. Säi Liblingsmanga ass d'Manga-Serie Doraemon.

Hattori Akira

Den Hattori Akira (服部 哲 Hattori Akira) ass dem Mashiro an dem Takagi hiren éischte Redakter. Hien ass net dovun iwwerzeegt datt se e séiere Succès erliewe wäerten. Dëst kënnt net vu schlechtem Wëllen, hie wëll hinnen hëllefen Top-Mangaka ze ginn, well e vill Potential an hinnen erkennt. Hien encouragéiert deemno déi zwéi weiderzemaachen. Wou Detective Trap ufänkt sérialiséiert ze ginn, gëtt den Hattori als Redakter ersat, well en Interessiskonflikt befiircht gëtt. Wou dann The Perfect Crime Party ufänkt sérialiséiert ze ginn, kënnt den Hattori als Redakter fir “Ashirogi” zeréck, a schafft mat hinne bis zum Schluss vun der Serie. Den Hattori huet vill Passioun fir seng Aarbecht, wat een u sengem Behuelen erkenne kann. hie probéiert alles ze beaflossen am Interêt fir Weekly Shōnen Jump nach besser ze maachen. Et war och hien, deen d'Collaboratioun tëscht dem Niizuma Eiji an dem Iwase Aiko un +Natural  presentéiert huet. Dëst huet de Mashiro an den Takagi inspiréiert, nach méi un sech ze schaffen. Säi Liblingsmanga ass d'Manga-Serie Cobra.

Produktioun

Den Tsugumi Ohba hat d'Iddi fir d'Buch Bakuman. hie wollt domat erreechen, datt déi Leit, déi Mangaka wëlle ginn, méi iwwert d'Industrie solle bäiléieren. hie war fest dovun iwwerzeegt, datt en e Manga iwwert Manga schreiwe kéint. Hien huet och bekannt ginn, datt en d'Storyboarde vun de fiktionale Geschichten The Classroom of Truth an Otter No. 11 gemaach huet, déi an Bakuman virkommen.

Wou déi eenzel Kapitele vu Bakuman gemaach goufen, gouf et eng speziell Kommunikatioun tëschent de Createur vum Manga. Den Ohba huet sech ni mam Zeechner Taskeshi Obata getraff fir driwwer ze schwätzen. Hien huet déi verschidden Deeler ëmmer mat sengem Redakter beschwat, an d'Storyboarde goufen dann un den Obata geschéckt. Den Obata selwer huet och seng eege Storyboards gemaach, déi dann un den Ohba an un de Redakter gaange sinn. Den Ohba sot, datt ëmmer nëmme kleng Ännerunge virkoumen, an datt se kaum Meenungsverschiddenheeten haten.

Den Ohba selwer war et dann och, deen Bakuman als eng “komesch Serie” bezeechent huet. Hie sot, datt de schwieregsten Deel gewiecht wier, nei Iddien op d'Been ze stellen, wéi d'Geschicht soll weidergoen.

Medien:  

   Manga

Geschriwwe vum Tsugumi Ohba a gezeechent vum Takeshi Obata, ass Bakuman vum 11. August, 2008 bis zum 23. Abrëll, 2012 am Weekly Shōnen Jump Magazine sérialiséiert ginn. All 176 Kapitel si vum 5. Januar, 2009, bis zum 4. Juli, 2012, an 20 Bänn komplettéiert a publizéiert ginn. Verschidde Kapitele sinn op der offizieller Websäit vun Jumpland erauskomm, an dat an e puer Sproochen; Japanesch, Englesch, Franséisch an Däitsch. Et ass och den 1. Manga de vu Shueisha online an a verschiddene Sproochen accessibel war, bevir en ausserhalb vu Japan an den Drock koum.

E 15-Säitege one-shot vun der Serie Otter No. 11 (ラッコ11号 Rakko 11-gō), e gag manga aus Bakuman, gouf den 8. August, 2010 am Weekly Shōnen publizéiert.

De Manga hat net nëmme grousse Succès a Japan. Iwwerall op der Welt goufe Lizenze fir d'Manga-Serie opkaaft; a Korea, Taiwan, Malaysien, Vietnam, Thailand, Brasilien, USA a Kanada. Am Europäesche Raum hu Kana a Frankräich, Norma a Spuenien, an Tokyopop an Däitschland d'Lizenze vir de Verkaf vu Bakuman

Anime

Eng 25-Episodeg Anime Adaptatioun vu Bakuman gouf 2010 am Weekly Shōnen Jump annoncéiert. Produzéiert vum J.C.Staff Studio, ass d'Serie den 2. Oktober 2010, bis zum 2. Abrëll 2011, um Kanal NHK gelaf. Am Dezember 2010 schonn, gouf déi zweet Staffel fir am Hierscht 2011 annoncéiert. Gelaf ass déi vum 1. Oktober 2011, bis zum 24. Mäerz 2012. Déi 3. Staffel hat säin Debut de 6. Oktober 2012, an hire Schluss den 30. Mäerz 2013. Domat goung d'Anime Serie mat 3 Staffele mat jeeweils 25 Episode zu Enn.

Am August 2011 goufen déi zwou éischt Staffele vu Bakuman vu Media Blasters an Nordamerika lizenzéiert. Leider huet et net laang gedauert, bis d'DVDe agestallt goufen an de Blu-ray Verkaf gouf 2012 annuléiert. Viz Media Europe huet dann am Mäerz 2012 d'Rechter fir den Europahandel vum Anime opkaaft. No der Annulatioun vu Media Blasters huet Kazé ugekënnegt datt d'UK Versioun nëmmen Ënnertitelen hätt, a keng englesch Iwwersetzung. Am November 2012 huet Media Blasters offiziell ugekënnegt, datt se d'Serie net weider féiere géife, mee dat Viz Media eventuell d'Rechter fir Nordamerika kafe géif.

Live-Action Film

Eng Live-Action Film Adaptatioun vu Bakuman koum den 3. Oktober 2015, op déi japanesch Leinwand. De Film gouf vum Hitoshi Ohne (Moteki) geschriwwen a geleet, an d'Filmstare Takeru Satoh an Ryunosuke Kamiki hunn d'Rolle vum Mashiro Moritaka an Takagi Akito gespillt. Déi Japanesch Rock-Band Sakanaction huet d'Musek, Motion Music of Bakuman, vum Film geschriwwen.

Kulturellen Hannergrond

Bakuman ass eng Manga-Serie mat engem grousse kulturellen Hannergrond. Den Tsugumi Ohba, Auteur vun der Geschicht, wollt an dësem Manga déi japanesche Gesellschaft sou realistesch wéi méiglech reproduzéieren.

A Japan geet den Trend dohin, datt ëmmer méi Jonker dovun dreemen, Mangaka ze ginn.  Och Bakuman huet schlussendlech dozou bäigedroen, datt deen Dram bei nach méi Jugendlechen opkoum. Als Mangaka eppes ze erreechen, ass an der japanescher Gesellschaft net einfach. Et gehéiert vill Gléck dozou, wat an Bakuman ganz kloer verdäitlecht gëtt. Dem Mashiro säi Monni huet 3 Grondreegele fir de buch genannt: 1. Selbstvertrauen; 2.  Haart Aarbecht; 3. Gléck. Et ass bei der leschter Reegel wou déi meescht versoen, well een dorobber keen Afloss huet. De Beruff ass dofir bekannt, datt ee fir vill Aarbecht wéineg Belounung kritt. Déi mannste Mangaka kënne vun hirer Passioun liewen.

Den Numm vum Manga ka verschidde Bedeitunge hunn, an den Auteur huet och ni eng definitiv Äntwert dorop ginn, wat et genau bedeit. “Baku” ka vum Wuert “bakuchi” (博打) wat “Glécksspill” bedeit an eng negativ Konnotatioun huet; oder vum Wuert “baku” (獏 oder 貘) kommen; wat e mythologescht Déier ass, dat Dreem an Albdreem ësst. “Man” kéint d'Ofkierzung vu Manga sinn.

D'Famill spillt an der japanescher Gesellschaft eng grouss Roll. Se ass nach zimmlech patriarchalesch opgebaut, an et besteet net vill Kommunikatioun am Haus. D'Ënnerstëtzung vun der Famill ass oft ganz kleng, wann d'Kanner vun der Norm ofkommen (wéi zum Beispill wa se wëlle Mangaka ginn).

Och den Drock an der Gesellschaft gëtt a Bakuman ugeschwat. Well vill Leit der Norm no ginn, gëtt et vill Kompetitioun um Aarbechtsmarché. Dowéinst musse sech d'Leit ëmmer erëm beweise kënnen. Doduerch kënnt et ganz oft vir, datt Leit sech iwwerschaffen.

Suizid ass eng negativ Konsequenz vun deem Drock. Souwuel an der Realitéit, wéi och an der Geschicht ass Suizid e grousse Problem a Japan. De Mashiro mengt, säi Monni wier en Affer vun der Gesellschaft gewiescht, an hätt sech dowéinst d'Liewe geholl. De Lieser gëtt dorop opmierksam gemaach, datt säi Monni kee Succès als Mangaka hat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]