Bassirou Diomaye Faye

Vu Wikipedia
Bassirou Diomaye Faye
Gebuer 25. Mäerz 1980
Nationalitéit Senegal
Educatioun Universitéit Cheikh Anta Diop
Aktivitéit Politiker

De Bassirou Diomaye Faye, gebuer de 25. Mäerz 1980 zu N'Diaganiao, ass e senegaleesesche Politiker. Hien ass zanter dem 2. Abrëll 2024 President vu Senegal.

Hie gouf bei der Presidentschaftswal 2024 zum neie President vu Senegal gewielt.

Hien huet e Master am Droit vun der Université Cheikh Anta Diop de Dakar, an huet dono bis 2007 als Steierinspekter op der École nationale d’administration du Senégal Verwaltungsrecht studéiert. Doropshin huet hien an der Direction Générale des Impôts et des Domaines (DGID) geschafft, Zesumme mam Ousmane Sonko huet hien engGewerkschaft gegrënnt a gouf Member, a spéider Generalsekretär, am Sonko senger Partei, der PASTEF.

Wéi den Ousmane Sonko bei de Presidentaschaftswalen 2024 disqualifizéiert gouf, huet hie kandidéiert a gouf am éischten Tour gewielt. Hien huetsech am Walkampf engagéiert, géint Korruptioun a fir méi Gerechtegkeet anzetrieden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bassirou Diomaye Faye – Biller, Videoen oder Audiodateien