Benotzer Diskussioun:Hub~lbwiki

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien. Wann ech "ass e lëtzebuergesche Museker a Songwriter", dohischreiwen (wat der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht, firwat gëtt dat dann nees op "as en lëtzebuergeschen Muséker an Songwriter." (wat falsch ass) verschlëmmbessert; freet sech de --Cornischong 22:52, 22 September 2006 (UTC)


Auteur vu Biller?[Quelltext änneren]

Moien, du hues, eng Kéier als Hub an eng Kéier als HubLU, 2 Biller eropgelueden, wou den Auteur net uginn ass. (Fichier:Fred Hormain-Introspection.jpg a Fichier:Dhalia YouAndMe.jpg).

Merci, dat derbäi ze setzen. Falls Du selwer net den Auteur wiers, misst De och derbäischreiwen, dass den Auteur ausdrécklech dermat averstan ass, eng fräi GNU-Lizenz op déi Biller ze ginn.

--Zinneke 14:24, 29. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Reply[Quelltext änneren]

Salut Zinneke! majo den user HubLU as nodréiglech entstaan wou ech op der franséicher wiki en Artikel veröffentlecht hun. Waat d'Biller ubelaangt, hun ech den selwechten Probleem wéi beim franséichen Artikel: ech sin selwer Member vum Label JGMRecords, déi Biller gehéieren sou ze soen dem Label. Beim franséichen Wiki goufen aawer déi Biller ouni Avis einfach geläscht. Ech sin och bereed méi genau Informatiounen derbäi ze schreiwen, wann ech just wéist an wéienger Form. Merci am Viraus an MfG, Hub.

Moien Hub,

Fir kënnen op der Wikipedia ze stoen, musse Biller ("Wierker" am juristesche Jargon) "fräi" sinn, d.h. et muss sécher sinn, datt den Auteur (d.h. de Fotograf) et ausdrécklech erlaabt, dass jiddereen dës Biller benotze kann, zB fir se op seng Websäit ze setzen, a sengem Buch ze publizéieren, se als Kalenner ze verkafen, oder wéi och ëmmer. Den Auteur behält awer d'Recht, als solchen ernimmt (mussen) ze ginn, an och dat, ze fuerderen, dass d'Biller bei weiderem Gebrauch eng fräi Lizenz behalen, d.h. keen, deen se benotzt, op eemol d'Copyright fir sech huele kann. Dat geschitt duerch d'CC-BY-SA Lizenz, oder och d'GNU-Lizenz, déi s de dem Bild ginn hues.

Am heite Fall feelt deemno eng wichteg Informatioun: Den Auteur (d.h. de Fotograf, an ë.Ë. deen, deen d'Foto "arrangéiert" huet). An dann hänkt et natierlech dervunner of, wat s de mat "d'Fotoe gehéieren dem Label" mengs: Wann dat heescht, datt den Auteur domatter all seng Rechter dem Label ginn huet (bis op dat, ernimmt ze ginn; dat ass onverännerlech), dann ass et effektiv um Proprietaire vum Label, ze decidéieren, wat dermat gemaach ka ginn - zB am Fall wéi hei se ënnert fräier Lizenz (kuck uewen) ze publizéieren. Wann dat awer net de Fall ass (zB. de Fotograf se dem Label just ënner bestëmmte Conditiounen - se op enger CD ze verëffentlechen zB ginn huet, mee sech selwer d'Recht op de weidere Gebrauch virbehält), da muss en och explizit seng Awëllegung fir d'Publikatioun ënner fräier Lizenz ginn, soss dierf se net publiziéiert ginn. (Am heite Fall giff dann duergoen, dobäizeschreiwen: "Auteur XY, deen dem user:Hub d'ausdrécklech Erlaabnis ginn huet, dës ënner folgender Lizenz eropzeelueden:".

Ech hoffen, dat mécht d'Saach méi kloer. Informéier dech awer vläit iwwer allgemeng Copyrightbestëmmungen, als een, dee Saache publizéiert (dh e Label) ass dat net onwichteg, sech domat auszekennen...

--Zinneke 09:28, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Jo wonnerbar! Dann as hei um Wiki déi selwecht Prozedur wéi bei den CDen. Den Text op der Upload-Säit as e bessi onkloer an der Hinsicht. --Hub 09:48, 30. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt[Quelltext änneren]

03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)

Ëmbenannt[Quelltext änneren]

09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)