Benotzer Diskussioun:Mascamon

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer (Krichs)geschichtlech Sujete gëtt et jo nach méi wéi genuch bäizedroen! Flott, dass de doriwwer matschaffe wëlls. E bësse schreiwen dozou wier natierlech och nët vu Miuttwëll. Et muss jo nët gläich e Standardwierk iwwert de ganzen 1. Weltkrich, inklusiv senger Virgeschicht, sinn ;-).

Wéi och ëmmer: "sief kéng" (wéi et op der däitscher Wiki heescht), an zéck net ze froen, wann der eppes net kloer ass, am Ufank ass dat hei ans do e bësse vill mat eneen.

-Zinneke

Perfektioun[Quelltext änneren]

"Well selwer eppes schreiwe mer net wierklech läit": Moien. Mat deem viirechte Saz hunn ech awer Problemer. Bis elo ass hei nach keen opgetrueden, deen esou perfekt Lëtzebuergesch schreift an dobäi d'Eifeler Regel befollegt. Dat muss engem schonns "leien". --Cornischong 15:09, 11 Januar 2006 (UTC)

Merci fir d'Blummen. Vu datt eisen Educatiounssystem an eis Politik allenzwee drëm konkurréire wee sech an deem Punkt méi blaméiert, ass et just duerch mäin eegenen Éiergäiz datt ech versichen alt esou gutt wéi nëmme méiglech eis Schreifweis ze kënnen. Dat sollt eigentlech och d'Normalitéit sinn, well wann een op Däitsch oder Franséisch eng Dose Feeler pro Saz géif fabrizéieren, da misst ee sech jo och schummen - wéi muss et dann eréischt si wann et sech ëm déi eege Mammesprocch handelt. Et ass also net d'Angscht virun der Schreifweis (obwuel och ech sécher nach derbäiléiere kann), datt d'Schreiwe mer net "läit", mee ebe grad mäi Perfektiounswëllen. Fir en Thema richteg ze traitéiere muss ee sech stonnelaang eng Dokumentatioun zesummegoogelen (oder a Buchform zesummekafen), déi ganz liesen, hannerfroen, etc. Och oder grad wann ee scho mengt dat Thema ze kenne. Eréischt duerno kann ee mat der Synthes vu sengem neie Wëssen ufänken a schreiwen. A schlussendlech de ganzen Text formatéieren, ëmschreiwen, ëmsetzen, etc. No e puer Deeg oder Wochen huet een dann een Thema fäerdeg, ouni awer onbedingt wierklech dermat zefridden ze sinn. Da kéint frustrant ginn an dat "läit" mer net. Ech wëll awer elo net ausschléissen, och mol eppes ze schreiwen, mee vu datt ech mech wéi gesot kennen, wäert et éischter Detailer sinn déi ech emol entzwuesch bäisetzen. Wann ech wéisst, datt sécher en aneren dermat weiderfiert an alles iwwerpréift, da kéint ech och eppes Neits als Croquis ufänken, da bewosst just an de grousse Linne gezeechent. --Mascamon 19:45, 11 Januar 2006 (UTC)

Dat Perfektiounstriewen mécht eis iwwerhaapt vill Suergen hei. Ëmmer méi dacks trauen sech Leit net méi iwwerhaapt nach eppes ze schreiwen. Ech ginn dovun aus, datt se net zefridde mat deenen Artikele waren, déi se an hirem Textprogramm virbereet haten. Op déi Manéier gëtt et hei all Dag manner Texter oder d'Artikele ginn ëmmer méi kuerz. Ech huelen un datt et d'Verantwortungsgefill vis-à-vis vum potentielle Lieser ass, dat en Deel vun de Mataarbechter dozou bréngt, sech op Artikele mat engem oder noutfalls zwee Sätz ze limitéieren. Op den Diskussiounssäite gëtt dat awer alles nees guttgemaach. --Cornischong 22:11, 11 Januar 2006 (UTC)
Een oder zwee Sätz ass jo awer scho mol en Ufank. Villäicht kënnt een da mol op Themaen op déi ee net vum selwe komm wäer? (Ech wëll lo net onbedingt unn de Piff erënneren, et gëtt bestëmmt nach méi flott Saachen ;-) Myriam 22:28, 11 Januar 2006 (UTC)
    • Otets du kriss Konkurrenz !!! Johnny Chicago 23:38, 11 Januar 2006 (UTC)