Benotzer Diskussioun:Maskil

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schéin, datt s de e puer al Spawecker ewechgebotzt hues. --Cornischong 20:58, 9 November 2005 (UTC)

Ma déi Spawecker waren déi Feeler, déi s de an den alen Texter fonnt has. " Ech geif nämlech gäer bei z.B. 'Auteuren' eppes bäiflecken, ech wees awer net wei ech een neien Auteur dobeisetzen": Wann ech richteg verstanen hunn, da mengs de eng Lëscht vun Auteuren oder wéi? Wann s de en Artikel hues, bei deem s de gär eppes bäisetzt, riffts de deen op, du drécks op "änneren" an da setzt de deen derbäi an du späichers et of. Wann et eppes anescht war, da kanns de mer dat erklären. Fäert net, fir Froen ze stellen. Um Ufank ass dat alles nach zimmlech friem. Hei ass keen als Genie op d'Welt komm :-) Ech sinn nach mindestens eng Stëndchen hei a mar de Mueren wäert ech nees géint 10.oo hei sinn. Du kanns mer och e richtege Mail schécken; dofir klicks de um lénke Bord op "Dësem Benotzer eng Mail schécken". Da geet eng Fënster op an du fëlls däin Text dran. A lauschter emol mar (Donneschteg) de Mëtteg tëscht 12. an halwer eng de lëtz. RTL Radio: do misst e Gespréich kommen mat eisem Kolleg Zinneke. --Cornischong 22:46, 9 November 2005 (UTC)

De Cornischong war zwar mat senger Äntwert méi séier wéi ech, mee egal: Direkt an d'Kategorie Auteurë kanns de net schreiwen, do gi just Artikele bäigesat, déi et scho gëtt (an zwar automatesch vun der MediaWiki Software). Setz deng Auteuren einfach bäi der "Lëscht vu Schrëftsteller" bäi. --Otets 22:51, 9 November 2005 (UTC)

Ech hunn elo en interne Link dorauser gemat. Kuck der einfach emol u wéi dat geet: klick hei. --Otets 23:12, 9 November 2005 (UTC)

Wolls de mat "Template:Infobox band" wierklech eng generell Infobox fir Musekgruppen opmaachen (dann ass dat eng ganz gutt Saach, mee du misst dech dann nach inspiréiere wéi een esou eng Infobox op d'Bee setzt), z.B. bäi "Template:Lännerkëscht"), oder wolls de just e Bild bäi den Artikel setzen (dat geet jo och méi einfach, mat [[Image:Bildnumm.jpg|right|thumb|250px|Bildbeschreiwung]] )? --Otets 11:01, 10 November 2005 (UTC)

Ech hunn déi Infobox dann alt emol geläscht. Wann s de spéider awer Iddi solls kréie fir eng, da kanns de se jo nees opmaachen. --Otets 17:59, 10 November 2005 (UTC)

En Inhaltsverzeechnes setzt sech automatesch an däin Artikel, wann s de bis eng gewëssen Zuel Ënnerandeelungen hues (ech weess net méi op et vun 3, 4 oder 5 un ass). Du selwer kanns keent forcéieren. Mee wann eent automatesch kënnt an du wëlls et net, da kanns de et duerch d'Zeil __NOTOC__ ënnerdrécken. --Otets 23:25, 10 November 2005 (UTC)