Calquepabeier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat "Fuschpabeier" am Sënn vum "Calque-Pabeier". Fir aner Bedeitunge vu "Fuschpabeier", kuckt w.e.g. Fuschpabeier.
Calquepabeier.

Calque- oder Kallekpabeier, och Fuschpabeier genannt, ass hallef-duerchsichtegen, mee feste Pabeier, mat deem ee Motiver op Zeechnungen, déi drënner leien, no- an ofmole kann.

[änneren] Professionelle Gebrauch

De Calque-Pabeier gouf vun Architekten a Maschinnebaukonstrukteure gebraucht fir Plangen ze zeechnen. Hei gouf mat Tusch geschafft. Bei Feelere konnt een déi mat engem Radéiermesser ausradéieren a frësch zeechnen. De Calque gouf dann op liichtempfindleche Pabeier geluet a beliicht. Dëse Pabeier gouf am Ammoniak entwéckelt an et ass esou eng Kopie entstanen.

Dës Prozedur hat de Virdeel dass ee nodréiglech zu jidder Zäit Korrekturen um Original konnt maachen.

Commons: Tracing paper – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools