Celebrity Cruises
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
1989 gouf Celebrity Cruises als selbständeg Reederei fir Croisièrë vun der griechescher Chandris Group gegrënnt an huet sech du séier zu enger éischter Adress am Croisière-Geschäft entwéckelt. Nom éischten Croisièresschëff Meridian goufen, wéinst neien, bei der Meyer-Werft zu Papenburg) gebaute Schëffer (Horizon a Zenith) nei Moosse gesat. Dono koumen an der Century-Klass, d'Schëffer: Century, Mercury a Galaxy derbäi. Am Joer 1997 ass dunn d'Celebrity vun der Royal Caribbean International iwwerholl ginn. Zesumme si se lo ënner dem Numm Royal Caribbean Cruise Line Ltd. aktiv. Zur där Flott gehéieren zéng komfortabel an elegant ausstafféiert Schëffer. Véier Neibaute si bei der Meyer-Werft an Opdrag. All Schëffer vu där Reederei gehéieren zur Luxus-Klass.
Inhaltsverzeechnes |
Aktuell Flott [änneren]
- 1995 M/V Century (71.545 BRT, 248,4 m, Meyer Werft)
- 1996 M/V Galaxy (77.713 BRT, 264,0 m, Meyer Werft)
- 1997 M/V Mercury (77.713 BRT, 264,0 m, Meyer Werft)
- 2000 GTS Millennium (91.000 BRT, 294,1 m, Chantiers de l'Atlantique)
- 2001 GTS Infinity (91.000 BRT, 294,1 m, Chantiers de l'Atlantique)
- 2001 GTS Summit (91.000 BRT, 294,1 m, Chantiers de l'Atlantique)
- 2002 GTS Constellation (91.000 BRT, 294,1 m, Chantiers de l'Atlantique)
- 2003 Celebrity Xpedition (2.842 BRT, 90,2 m, Cassens-Werft)
- 2007 Azamara Journey (30.277 BRT, 180,8 m, Chantiers de l'Atlantique)
- 2007 Azamara Quest (30.277 BRT, 180,8 m, Chantiers de l'Atlantique)
Déi vun der Reederei benotzten Ofkierzungen gi gebraucht fir d'Art a Weis, wéi d'Schëff ugedrief gëtt, ze bezeechnen:
- M/V steet fir "Motor Vessel" (konventioneller ugedrief),
- GTS fir "Gas Turbine Ship" (duerch Gasturbinn ugedrief mat engem baussegten Azipod).
D'Celebrity-Schëffer erkennt een gutt um Reederei-Logo X um Scharchtesch.
Quellen [änneren]
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Celebrity Cruises ships – Biller, Videoen oder Audiodateien |