Cleveland Bay

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dat eenzegt lëtzebuergescht Cleveland Bay-Gespan

De Cleveland Bay ass en typescht Kutschepäerd. Säi Fell ass ëmmer brong sou wéi säin Numm et seet (engl. : bay (bei Päerd) = brong).

An sengem Heemechtsland England, ass et dat Päerd, dat Staatskarossen zitt.

Et ass nieft den englesche Ponyen mat déi eelste Päerdsrass an England.

D' Rass huet hiren Numm vun hirer Faarf a vun der Géigend an där se gezillt gëtt, am Cleveland, am Nordoste vun England.

Et gëtt ugeholl datt et se schonns zur Zäit vun de Réimer ginn ass, mee genee ass se zanter dem Mëttelalter dokumentéiert. Si war déizäit an England als dat sougenannten Chapman-Horse bekannt, well haaptsächlich Geschäftsléit se virun hir Kutsche gespaant hunn.

Dës Päerd sinn awer och fir all aner Aarbechte benotzt ginn, als Akerpäerd, Zuchpäerd an als Reitpäerd.

De Yorkshire Carriage Horse, dee vum Cleveland Bay ofstaamt, ass an d'ganz Welt exportéiert ginn.

Duerch d'Opkomme vum Auto sinn och an England d'Päerd lues a lues verschwonnen. Well de Cleveland Bay awer ee villsäitegt Päerd war, ass en nach als Kutschepäerd an als Juegdpäerd weider gebraucht ginn.

No dem Zweete Weltkrich war d'Rass bal ganz verschwonnen.

Et ass haaptsächlich der Kinnigin Elizabeth II. ze verdanken datt déi Päerdsrass haut nach do ass, wëll si sech zanter 1960 duerfir agesat huet, datt déi Päerd an dem kinnekleche Gestüt solle wéider gezillt ginn.

[änneren] Beschreiwung

Wéi den Numm et seet, sinn Cleveland Bay ëmmer brong. An der Rass ass ni eng aner Faarf zougelooss ginn. D'Nomalgréisst ass 16 hands wat 162,5 cm entsprécht. Et ass ee Päerd dat ee staarke Kierperbau huet, eng laang Schëller, staark Glidder, mat enger relativ grousser Schankemass, an eng zolidd Hannerhand. Si hunn een zimlech breede Kapp deen iwwer d'Nues riicht ass.

[änneren] Ziichter

  • An England: Ausser dem kinneklechen Haff e puer Ziichter am Cleveland
  • Zu Lëtzebuerg: De Paul Berens-Scott
  • An Amerika: Madonna
Commons: Cleveland Bay – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen