Comité directeur du souvenir de la Résistance

Vu Wikipedia

De Comité directeur du souvenir de la Résistance ass den Nofollger vum fréiere Conseil national de la Résistance.

Den 19. Februar 2004 war d'Grënnungsversammlung vum CDSR ënner der Presidence vum Lëtzebuerger Premierminister Jean-Claude Juncker an der Villa Pauly. Duerch d'Gesetz vum 20. Dezember 2002 gouf den CDSR geschaf fir en Nofollger ze hu fir den CNR, deen den 31. Dezember 2003 opgehalen hat mat existéieren.

Den CDSR ass geduecht fir

  • d'Aktivitéite vun der Resistenz ze koordinéieren
  • d'Erënnerung un d'Resistenz lieweg z'erhalen
  • bei den ëffentlechen Institutiounen z'intervenéieren am Sënn vu senge Memberen an de Resistenzvereenegungen, déi en am Sënn vum Gesetz vertrëtt.

President vum Comité directeur du souvenir de la Résistance ass den Albert Hansen; Vizepresidente sinn d'Mady Moyse-Jacob an de Josy Fellens.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]