Computernetzwierk

Vu Wikipedia

E Computernetzwierk ass een Zesummeschloss vu verschiddene Computeren oder aneren elektronesche Systemer, soudatt se mat enee kommunizéiere kënnen.

Klassifikatioun vun Netzwierker[änneren | Quelltext änneren]

Computernetzwierker loosse sech no verschiddene Krittäre klassifizéieren:

Iwwermëttelungstechnologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Point-to-Multipoint (Broadcast) Netzwierker
  • Point-to-Point Netzwierker

Geographesch Ofdeckung[änneren | Quelltext änneren]

  • PAN Personal Area Network (e puer Meter) entsprécht dem Aarbechtsentourage vun engem Benotzer.
  • LAN Local Area Network (bis ee Kilometer) erstreckt sech vun eenzele Raim bis zu ganze Gebaier oder engem ganze Firmenterrain.
  • MAN Metropolitan Area Network (bis zu 10 Kilometer) erstreckt sech iwwer e ganz d'Duerf bis hin zu enger Stad.
  • WAN Wide Area Network (bis zu e puer 100 oder souguer e puer 1000 Kilometer) erstreckt sech iwwer e Land bis hin zu engem Kontinent.
  • GAN Global Area Network (iwwer 1000 Kilometer) erstreckt sech iwwer d'ganz Welt.

Wéi kritt een Internet iwwer Tëleekabel?[änneren | Quelltext änneren]

Hëlt een elo ee Beispill wéi Coditel, déi jo béides ubidden: Fernsee an Internet. Majo well déi awer elo keng Loscht haten nei Leitungen ze leeën hu se Signaler einfach iwwer TV-Netz geschéckt. Dobäi ginn héich an déif Frequenze benotzt. D'TV-Netz huet een op déi déif Frequenz geluecht, mä wann een elo awer nach d'Internet doriwwer kréie wëll, da schléisst een de Kabel vun der Televisioun un en extrae Modem un, deen déi héich Signaler entschlësselt, dat heecht, da mécht ee seng Umellung bei Coditel an da schalten déi op där Leitung déi héich Frequenz fräi.

Bal geneesou mécht d'Post et, déi schéckt d'Signaler duerch d'Telefons-Netz.

Wéi ass den Internet opgebaut?[änneren | Quelltext änneren]

Den Internet besteet am Fong nëmmen aus Netzwierker, déi unenanerhänken op der ganzer Welt. Dëst kann een dann och nach GAN (Global Area Network) nennen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Computernetzwierker – Biller, Videoen oder Audiodateien