Coupe de France am Vëlossport 2020

Vu Wikipedia
Coupe de France am Vëlossport 2020
Detailer
Course29. Coupe de France am Vëlossport
Etappen8
Datumer2. Februar – 4. Oktober 2020
Distanz1.944 km
LandFRA Frankräich
Palmarès
GewënnerFRA Nacer Bouhanni (Arkéa-Samsic)
ZweetenFRA Benoît Cosnefroy (AG2R La Mondiale)
DrëttenCZE Josef Černý (CCC Team)
Beschte JonkenFRA Benoît Cosnefroy (AG2R La Mondiale)
Team pointsFRA AG2R La Mondiale
◀20192021▶
Dokumentatioun

Déi 29. Editioun vun der Coupe de France am Vëlossport huet den 2. Februar 2020 mam Grand Prix d'ouverture La Marseillaise ugefaangen a goung de 4. Oktober mam Tour de Vendée op en Enn. Um Programm stoungen déi selwecht Coursse wéi am Joer virdrun. Wéinst der COVID-19-Pandemie goufen eng Partie Coursse vum Kalenner geholl.

Punkteverdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Individuell[änneren | Quelltext änneren]

D'Klassement gëtt duerch d'Additioun vun de Punkten opgestallt. D'Coureuren ënner 25 Joer fuere fir d'Klassement vum beschte Jonken.

Punktesystem
Positioun 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15
Punkten 50 35 25 20 18 16 14 12 10 8 6 5 3 3 3

Ekippeklassement[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekippeklassement fir all Ekipp gëtt duerch d'Additioun vun de Plaze vun den dräi beschte Coureuren an der Ekipp zesummegerechent. D'Ekipp mat dem niddregsten Total kritt dann 12 Punkten, déi zweet kritt der néng, déi drëtt aacht an da sou weider bis déi néngt déi nach zwéi Punkte kritt. Nëmmen déi franséisch Ekippe komme fir d'Ekippeklassement a Fro.

Punktesystem
Positioun 1 2 3 4 5 6 7 8 9
Punkten 12 9 8 7 6 5 4 3 2

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

# Datum Course Éischten Bescht Ekipp Individuellt
Klassement
Ekippeklassement
1 2. Februar Grand Prix La Marseillaise Benoit Cosnefroy AG2R La Mondiale Benoit Cosnefroy AG2R La Mondiale
2 1. August 1. Etapp vun der Route d'Occitanie Bryan Coquard B&B Hotels-Vital Concept Benoit Cosnefroy
Bryan Coquard
3 29. August 4. Etapp vum Tour Poitou-Charentes CZECZE Josef Černý CCC TchéquieTchéquie Josef Černý
4 6. September Tour du Doubs Loïc Vliegen Circus-Wanty Gobert
5 20. September Grand Prix d'Isbergues Nacer Bouhanni Arkéa-Samsic
6 22. September Paris-Camembert Dorian Godon AG2R La Mondiale Nacer Bouhanni
7 27. September Paris-Chauny Nacer Bouhanni Arkéa-Samsic
8 11. Oktober Paris-Tours DNKDNK Casper Pedersen Sunweb