Crowdfunding

Vu Wikipedia
Crowdfunding am Museksgeschäft

Crowdfunding (engl., crowd: "Usammlung vu Mënschen"; funding: "Finanzéierung") ass de kollektiven Effort vu Leit, déi hir Suen zesummeleeë fir e Projet vun enger aner Persoun oder Organisatioun z'ënnerstetzen. Dacks gëtt dat iwwer Internet organiséiert. Crowdfunding gëtt a verschidde Beräicher applizéiert a mécht et zum Beispill méiglech, genuch Suen zesummenzekréie fir d'Finanzéierung vun engem wëssenschaftleche Fuerschungsprojet, enger politescher Campagne, der Entwécklung vun enger gratis Software oder der Produktioun vun engem Museksalbum oder Film.

Déi Persoun, déi d'Sue gëtt, kann (et ass net ëmmer de Fall) als Géigeleeschtung e bestëmmte Service oder e Kado ugebuede kréien. Dem Sänger Grégoire säin Album Toi + moi huet 2008/2009 zu de meeschtverkaafte Placken a Frankräich gezielt. Déi Leit, déi an d'Produktioun vu sengem Album investéiert haten, kruten net nëmmen hir Suen zeréck mä hunn och nach e Benefice gemaach.[1]

Mëttlerweil gëtt et Websäiten, déi sech op Crowdfunding spezialiséiert hunn, dorënner Kickstarter, People for Cinema (Film) oder My Major Company (Musek). Deelweis kënne sou Aktiounen immens erfollegräich sinn; fir e Kinosfilm vun der däitscher Fernseeserie Stromberg ze dréinen, hunn d'Produzente mat Crowdfunding an nëmmen enger Woch eng Millioun Euro gesammelt.[2]

Zu Lëtzebuerg huet ënner anerem d'Band Dirty Crows probéiert, mat Crowdfunding d'Produktioun vun hirem Album Got No Chance Against Rock 'n' Roll (2012) ze finanzéieren.[3]

Op Franséisch gëtt Crowdfunding production communautaire oder production participative genannt, an am Däitsche gëtt heiansdo nach den Ausdrock Schwarmfinanzierung benotzt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. numerama.com: EXCLUSIF: ce que Grégoire a rapporté aux internautes... et à Warner ! vum Guillaume Champeau (16. Januar 2009)
  2. lto.de Crowdfunding in der Filmindustrie: Stromberg und sein Schwarm vum Andreas Bareiß (11. Juli 2013)
  3. Co-producer of the new Dirty Crows album? op Facebook